VLIB

Verein Luxemburger Studenten in Berlin

Den VLIB as grondsätzlech dofir do, d'Letzebuerger Studenten zu Berlin zesummen ze brengen. Mir beroden souwuel d'Futur-Studenten, als och d'aktuell Studenten vun Berlin rondrem hieren Studium an organisatorech Froen zu Themen wei Wunnengssich, GEZ-Gebühren, etc. Doniewt organiséiert den VLIB all Semester nees eng Reih voll Eventer. Ufangs vun engem Semester steet dei traditionell Kneipentour un, dei ons vun Café zu Café duerch en ausgwieltenen Kiez vun Berlin zitt. Dann fënnt och nach all Semester eisen groussen Beerong-Tournoi statt, wou sech dann quasi all d'Memberen um Beerpongdësch duelleieren. Een Mol am Joer hunn mir dann och nach eis Assemblée Générale, dei Ufangs vun engem Studienjoer stattfënnt, wu dann Bilan gezunn gett vum vergaangen Joer, en neien Comité gewielt gett an nei Memberen opgeholl an Erstis begréisst gin. Dann gin mer jährlech op eng Glühweintournée op eis wonnerschéin Berliner Weihnachstmärkte. Doniewt fannen och nach en ganzen Koup aaner Eventer statt, wei deen vun ons organiseiertem Pub-Quiz, d'Besichen vun Profisportveranstaltungen, d'Myfest um 1. Mai zu Kreuzberg an Kulturtrips an aaner Stied. Ma och zu Lëtzebuerg loosen mir ons regelmeisseg blecken an daat um jährlechen Tournoi de Noël, wu mir all Joer matt super Sportler an nach besseren Supporter fir Rambazamba suergen. Op der Foire de l'étudiant am Hierscht hunn mir dann och all Joer nees onsen Stand, wu mir d'Ofschlossklassen iwwert d'Studentenliewen zu Berlin informeieren. Dann sin mir och säit der Editioun vun 2016 um ACEL-Studentenbal ze fannen, wu mir eisen Shot Berliner Luft zu Lëtzebuerg unbidden.

LU56 0019 3155 9827 6000 BCEELULL


Contact: