LSS

Lëtzebuerger Studenten zu Saarbrécken

Wee si mir? Mir sinn de Comité vum LSS - de Lëtzebuerger Studenten zu Saarbrécken. Jidderee vun eis huet eng aner Funktioun, an zesumme stelle mir all Woch eng aner Aktivitéit op d´Been. Ënner aanerem Lasertag, Pubquiz, Rallye a Karting. Am Summer loune mir ee Beachvolleyballterrain op der Uni an grillen gaer Owes un der Saar. Op der Soirée de Bienvenue an eise Stammcafé ,,Synop´´ kënnt dir gär laanschtkommen, hei gëtt den LSS-Comité dann och emol gären deen een oder anere Patt zum Bäschte. Natierlech si mir och op der Foire de l'Etudiant vertrueden, a beäntweren och soss gären är Froen iwwert d'Studenteliewen zu Saarbrécken.

LU84 0030 4064 0913 0000 BGLLLULL


Contact: