LSF

Lëtzebuerger Studenten zu Frankfurt

Wee si mir?

D’Lëtzebuerger Studenten zu Frankfurt, kuerz den LSF, regroupéiert 11 Studenten (an der Hoffnung dat et der ëmmer méi ginn) vun den Héichschoulen an Unien zu Frankfurt. Gegrënnt gouf den LSF Enn 2023 vun enger Handvoll Kolleege mam Zil eng Plattform ze schafen, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen. Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suergen. Eise Cercle probéiert Frankfurt méi attraktiv fir zukünfteg Studenten ze maachen, an e flotten an ofwiesslungsräiche Programm unzebidden.

Wat maache mir?

Vu dass mir an dat ganzt nach era wuesse mussen, hu mir nach keng konkret Aktivitéite geplangt, mir sinn awer aktiv dobäi Iddien ze sammelen an eis ëm d’Ëmsetzung ze këmmeren. Mir sinn oppe fir all Iddi. Mir freeën eis iwwert jiddereen de mir Méindes ab 20 Auer am Zino’s Spritz gesinn.


Contact: