ELAN

Étudiants Luxembourgeois à Nancy

ELAN steet fir étudiants luxembourgeois à Nancy an ass 2007 gegrënnt ginn. Den Numm ass Programm an mir hunn iwwer di läscht Joer eng grouss Unzuel un enthousiasteschen Memberen regroupéiert déi sech reegelméisseg trefft fir Soirée‘en z’organiséieren. Eist Ziel ass et eng Gemeinschaft opzebauen an flott Momenter z’erliewen. An deem Sënn bidden mir den lëtzebuerger Studenten d’Méiglechkeet sech bei eis z’informéieren fir hinnen ze hëllefen hiert Studenteliewen richteg opzebauen. Duerch verschidden Aktivitéiten (Bowling, Lasergame an natierlech d’Daf net ze vergiessen) déi mir organiséieren léieren si sech besser kennen an integréieren sech zu Nanzeg. Niewent den Aktivitéiten verbréngen mir och oft geselleg Owender an eisem Stammlokal dem Mac Carthy. An ween gären e bëssen méi laang feieren wëll kann dat gären an eng vun den villen Disco’en maachen. Am Summer kann een et sech gemittlech maachen op engen vun deenen villen Terrassen op der Place Stanislas, déi als eng vun den schéinsten Plazen a ganz Frankräich ugesinn gëtt. Am Wanter steet dann och ëmmer eng gutt Kéisfondue um Programm. Fir weider Informatiounen kënnt dir eis gären ee Mail schécken un oder eis ee Message an eiser Grupp op Facebook hannerloossen [https://www.facebook.com/elanancy/].

LU86 0030 3002 9012 0000 BGLLLULL


Contact: