ANEIL

Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois

D'ANEIL gouf 1958 gegrënnt an ass den eenzege Vertrieder vun alle Studenten aus de Beräicher Ingenieurswiesen, Naturwëssenschaften, Technik an Architektur, déi eppes mat Lëtzebuerg ze dinn hunn. D'ANEIL huet ongeféier 350 Memberen, déi gréisstendeels an Däitschland an an der Schwäiz studéieren; mä och zu Lëtzebuerg, an Éisterräich, an der Belge, a Groussbritannien, an Holland oder a Frankräich ass d'ANEIL vertrueden. Déi wichtegst Aktivitéite vun der ANEIL sinn: - Visitte bei Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun - Table Ronde op Karfreideg mat de Vertrieder vu wichtegen Entreprisen aus Lëtzebuerg aus ville verschiddene Secteuren - Veräinsrees am europäeschen Ausland mat interessante Visitten a vill studentësche Spaass - Studieninformatiounen an de meeschte Lëtzebuergesche Lycéeën - Präsenz op der foire de l'étudiant Fir weider Informatiounen iwwert d'ANEIL ze kréie, besich eis Homepage oder lies e bëssen an eisem Magazin bulli, dee 4 mol am Joer erauskënnt. Fir weider Informatiounen iwwert den Ingenieursstudium besich eise Site letsengineer.lu!


Contact: