ALUS

Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg

ALUS ass d’Ofkierzung fir “Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg”. Och wann de Studentencercle schonn eng Geschicht vun iwwer 40 Joer huet, sou besteet säi Status vun der A.s.b.l. awer eréischt säit 1990. D’ALUS huet sech schonn ëmmer als Ziel gesat de neie Studentinnen a Studenten ze hëllefe fir sech méi einfach an hirer neier Heemecht erëm ze fannen an sech besser ze integréieren. Dofir bitt d’ALUS dir och vill verschidden Aktivitéite wärend dem Joer un a probéiert wärend deem, dass du séier aner Lëtzebuerger an/oder Fransouse kenneléiers. Ausserdeem informéiert D’ALUS seng Membere reegelméisseg iwwer Aktivitéiten, Baler an Events, déi zu Stroossbuerg mee och ausserhalb mat eventuell anere Studentecercele stattfannen. Hal och du dech um Courant iwwert déi neisten Aktivitéiten andeems de onse Site www.alus.lu besichs oder eist Maskottchen, de Storchi, um Facebook adds! Du sichs eng Wunneng zu Stroossbuerg oder deng Wunneng gëtt fräi? Du brauchs nei Miwwelen oder du wëlls deng Miwwele lass ginn? Dann gei bis op eis immobilier groupe. Du wëlls net mam Zuch op Stroossbuerg/Lëtzebuerg fueren a sichs eng Matfuergeleeënheet oder du hues nach Plaz fir aner Leit matzehuelen? Dann mell dech op eis Matfuergeleeënheete groupe. Du spills gär Volley-, Basket- oder Fussball? Oder vläicht gees du gär mat engem zesumme lafen? Schreif et an eis Sports-Grupp a fann nach aner Leit déi motivéiert si matzemaachen. Ausserdeem hunn mir och eng offiziell Fanpage um Facebook

LU83 0019 2955 2436 2000 BCEELULL


Contact: