REEL-Chronik

D’REEL ass zënter 1984 (ugefaang zu Karlsruhe) de wichtegsten alljährlechen Austausch fir Lëtzebuerger Studenten an Europa. All Joer treffen sech ronn 120 Participanten wärend 4 Deeg an enger neier Universitéitsstad. An dëser Chronik si sämtlech Stied mat hiren Theemen zesummegestallt, déi sech am Laf vun de Jore d’Entwécklung vun de politeschen Debatten op Lëtzebuerger Politik geprägt hunn.

Joergang

Stad Stroossbuerg
Datum 18. bis 21. September 2025
Theemen

Prix flambants et retraites en danger : un avenir prospère, est-il toujours possible au Luxembourg?

President:in Ben Moes
Haaptpunkten fir d’ACEL WORKSHOPS:

  • TBA
  • TBA
  • TBA

TABLE RONDE:

  • TBA
  • TBA
Stad Köln
Datum 19. bis 22. September 2024
Theemen

Zukunft gestalten: Kompetenzen am Kontext vun der Digitaliséierung

President:in Sophie Mangen
Haaptpunkten fir d’ACEL WORKSHOPS:

  • Thema vun der Table ronde: Hei gouf et méi Erklärungen zum Thema vun der REEL an et gouf ee gemeinsamt Meenungsbild ausgebaut. Ausserdem hu mir d’Analyse vun eiser Ëmfro presentéiert déi an de Wochen virun der REEL bal 100 mol ausgefëllt gouf.
  • Dat neit ASBL-Gesetz: Dëse Workshop hat als Zil de Cerclen Erklärungen zum neien ASBL-Gesetz ze ginn, fir hinnen domat den Iwwergang méi einfach ze gestalten an drop opmierksam ze maachen, dass mir alleguer dovu betraff sinn.
  • Pensiounsreform: Hei hunn mir probéiert de Student:innen de Problem ze erklären dee mir alleguer an Zukunft hätten an éischt Meenungsbiller an Ängscht ze verstoen an opzehuelen.

TABLE RONDE:

  • D‘Haaptpunkten déi d’ACEL an der Table Ronde op der REEL beschäftegt huet, hu sech vum État des Lieux bis zu eiser Zukunft verdeelt. Am Ufank wollte mir iwwert den aktuellen Stand schwätzen, dofir hu mir och eenmol de geschichtleche Wandel vun der Schoul gekuckt. Eens si mir eis op dem Punkt ginn, dass d’Benotzung vum Täscherechner an den Schoulen net onwichteg ass an dass den op alle Fall net verbuede sollt ginn. Iwwer aner Punkte ware mir ons an der éischter Halschent vun der Table Ronde manner eens bzw. et si keng kloer Meenungen vun aneren Invitéeën geäussert ginn.
  • An der zweeter Halschent sinn mir méi op d’Zukunft agangen an hunn driwwer diskutéiert op een och Aarbechten mat kënschtlecher Intelligenz schreiwen soll an dierf a wéi dest geregelt sollt ginn. Eng kloer Äntwert huet sech och do erëm net erauskristalliséiert vun den Invitéeën. Eens si mir eis am Endeffekt ginn, dass d’Softskills eng ganz wichteg Roll an Zukunft spille wäerten, mee wéi dës besser geléiert ginn an ob mir [Gen Z] op Zukunft virbereet sinn a keng Angscht mussen hunn eppes verpasst ze hunn, konnt ons och kee soen.
Stad Innsbruck
Datum 21. bis 24. September 2023
Theemen

Interoperabilitéit – Europaiwwergréifend Komptabilitéit

President:in Carlo Glod
Haaptpunkten fir d’ACEL WORKSHOPS:

  • Thema vun der Table ronde: Hei hu mir d’Thema mat de REELaner opgeschafft an doduerch deen een oder aneren Punkt méi mat an d’Table ronde geholl.
  • Teambuilding am Comité: Hei gouf gekuckt wate en am Comité zesumme kann ënnerhuelen fir eng angeneem Aarbechtsatmosphär ze schafen an wéi eeng Problemer virbeugen oder leise kann.
  • Wéi organiséieren ech en Intercercle?

TABLE RONDE:

  • Prioritéite fir d’ACEL an der Table Ronde waren an éischter Linn dorop opmierksam ze maachen, dass et bei wäitem net esou einfach ass vun der enger Uni op déi aner Uni ze wiesselen, obwuel dat wéinst dem Bologna Prozess sou sollt sinn. Doropshi méi genau an d’Thematik mat der Iwwersetzung vun den Diplomer drop an ze goen. Des Weidere war d’Nofro un den Héichschoulministère grouss, déi unerkannte Studie méi transparent ze kommunizéieren.

  • E weideren Diskussiounspunkt war ob et sënnvoll ass ze fuerderen, dass e Studium iwwerall de selwechten Inhalt soll hunn. Hei e Beispill dofir: En:eng Ingenieur:in deen an Holland studéiert, léiert de Moment vill iwwert de Bréckebau, wat an der Regioun, wou e studéiert méi gebraucht gëtt. En:eng Ingenieur:in, deen zu Innsbruck studéiert, léiert méi iwwert d’Bierger. An deem Punkt si mir eis net esou wierklech eens ginn. Op der enger Säit géif en universelle Studium et méi einfach maache fir wärend dem Bachelor oder dem Master ze wiesselen, op der anerer Säit géif de Studium eventuell manner interessant ginn. D’Table Ronde war der Meenung, dass et wichteg wier dat de Studium seng Individualitéit behält.

Stad Heidelberg & Karlsruhe
Datum 29. September bis 2. Oktober 2022
Theemen

Bachelor-Inflatioun – Wat ass mäin Diplom nach wäert?

President:in Sam Olinger
Haaptpunkten fir d’ACEL D’Thema vun der Table ronde war d’Bachelorinflatioun an doriwwer hunn eis Invitéen, den Här Minister Claude Meisch, den Här Minister Georges Engel, d’Madamm Deputéiert Martine Hansen, den Directeur adjoint vun der CSL Carlo Frising an ech, Polina Bashlay Presidentin vun der ACEL, debattéiert. An der Debatt war et der ACEL wichteg ze ënnersträichen, dass een Diplom net méi ausschliisslech dat ass wat zielt, mee dass Softskills vun engem Student méi an de Fokus geroden an dass Lëtzebuerg déi aussergewéinlech Studienweeër wéi zum Beispill virum Studium den Diplom+ ze maachen, mat engem BTS ufänken, Stagen ze maachen, weiderhin ënnerstëtze muss.
Stad München
Datum 7. bis 10. Oktober 2021
Theemen

Mam Studium fäerdeg, an elo? Lëtzebuerg oder d’Welt?

President:in Sven Bettendorf
Haaptpunkten fir d’ACEL

Wéi gëtt de Standuert Lëtzebuerg méi attraktiv fir Studéirender déi hier ganz Uni Zäit am Ausland verbruecht hunn. Wat bitt Lëtzebuerg fir Méiglechkeeten am Verglach zum Ausland?

Stad München
Datum annuléiert wéinst der COVID-19-Pandemie
Theemen

35 Joer Schengen, alles perfekt? – Erausfuerderungen a Problemer fir Studenten an engem vereenegten Europa

President:in Max Closener
Haaptpunkten fir d’ACEL

Déi richteg REEL zu München ass 2020 leider ofgesot ginn a sollt da Joer drop zu München nogeholl ginn. Als Ersatz gouf et den ACEL meets Politics mam änlechen Thema wei déi initial REEL „Krut Schengen seng Grenzen opgewisen?“ Eng Table Ronde mam Nicolas Schmit, Charel Goerens, Viviane Reding, Karine Basenach a mir, Sven Bettendorf als President vun der ACEL. Et sollt sech em déi Ongerechtegkeeten tëschent de Studenten an Europa dréinen, dorënner Zielen ënner anerem GIS an Éisträich oder d’Problematik vun der KFZ-Stéier an Däitschland.

Stad Oochen
Datum 3. bis 6. Oktober 2019
Theemen

Auswirkungen des wirtschaftlichen und gesellschaftlichen Drucks auf den akademischen Werdegang

President:in Annick Hoffmann
Haaptpunkten fir d’ACEL

Informatioun vun zukünftege Studenten, ewéi kënne mir se preparéiren, dass si de Studium NET ofbriechen, respektiv schonn éischter de richtege Wee an der Schoul aschloen.

Stad Bréissel
Datum 20. bis 23. September 2018
Theemen

Étudiant 4.0: Digitalisation du monde professionnel – Défis et opportunités

President:in Theo Biewer
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’ACEL hat grad e puer wichteg Dossieren hannert sech (ënner anerem Stagegesetz) a wousst net esou richteg wat se als Thema fir d’REEL soll huelen. Digitaliséierung klengt dach net schlecht hunn déi zwee Comitéen sech geduecht an den Etienne Schneider als Wirtschaftsminister op d’REEL invitéiert. Voll gepaakt mat Gadgeten aus dem Nation Branding an der ganz nei gegrënnter Luxembourg Space Agency ass den Här Schneider natierlech gären op d’REEL komm fir iwwert Deep Space Mining ze philosophéieren. D’REEL zu Bréissel war net all ze laang no den Attentater zu Bréissel an den REEL Comité duecht sech et wier dach flott een Hostel no um Molenbeek ze sichen. Kuerz ier de Rallye sollt ugoen ass dunn och de ganzen Timing dunn e bëssen op Kopp geheit gi wéinst engem Anti-Terror Asaz e puer Stroossen nieft dem Hostel.

Stad Köln & Bonn
Datum 21. bis 24. September 2017
Theemen

Beziehungsstatus: Es ist kompliziert! Die Beziehung zwischen Arbeitgeber und zukünftigem Arbeitnehmer

President:in Jeff Diderrich
Haaptpunkten fir d’ACEL

Den Haaptpunkt fir d’ACEL op der REEL war d’Stagegesetz. Dëst huet gutt gepasst bei d’Thema vun der Bezéiung zwëscht dem Arbeitgeber an dem Arbeitnehmer. Nieft engem Diskurs vum deemolegen Aarbechtsminister Nicholas Schmit ass et Mëttes op enger Table Ronde mat dem Thema weidergaang. Dobäi gouf och iwwert d’Orientéierung vun de Schüler a Studenten diskutéiert. Un dëser hunn deelgeholl den deemolegen Héichschoulminister Marc Hansen, Direktesch vun der ADEM Isabelle Schlesser, den Tom Baumert vun der Chambre de Commerce, de Marco Wagener vun der Chambre des Salariés an de Charel Muller als ACELs-Präsident. Moderéiert gouf dës spannend Table Ronde vum Pit Everling vum RTL.

Stad Kaiserslautern
Datum 6. bis 9. Oktober 2016
Theemen

D‘Aussiichte vum Akademiker nom Studium

President:in Charel Roemen
Haaptpunkten fir d’ACEL

D‘Haaptthema war dëst Joer den Iwwergang vum Studenten- an d‘Aarbechtsliewen, mat alle Schwieregkeeten déi et ka ginn. Vun politescher Säit hate mer mam Marc Hansen an dem Etienne Schneider direkt 2 Persoune mat dobäi. Sou huet den Här Schneider virun allem iwwert d‘Ekonomesch Situatioun vu Lëtzebuerg an seng International Roll geschwat. Gefeiert ass natierlech och ginn, ouni an awer och mam Minister Schneider, ass et op enger Bad Taste Party, der Soirée Publique an dem Gala Dinner am Kongresszentrum Frankenthal héich hier gaangen.

Stad Tréier
Datum 15. bis 18. Oktober 2015
Theemen

Die Hochschulreform Bologna: Ein Erfolgskonzept?

President:in Ben Greiveldinger
Haaptpunkten fir d’ACEL

Den Dauerbrenner Aide financière war och dëst Joer erëm Thema vum politeschen Debat op der REEL. No der Reform huet d’ACEL nach Nobesserungsbedarf gesinn, De Marc Hansen als Vertrieder vum Ministère wollt sech an dësem Punkt awer nach bedeckt halen. E puer Wochen no der REEL ass de Ministère de Fuerderunge vun der ACEL allerdéngs nokomm.

Stad München
Datum 16. bis 19. Oktober 2015
Theemen

Selbstbestimmung der Universitäten – inwiefern von der Wirtschaft beeinflusst?

President:in Marie-Paule Even
Haaptpunkten fir d’ACEL

Wéi gewinnt huet d’ACEL dräi Workshopen organiséiert. Themen op der REEL München woren d’Bild vum Student zu Lëtzebuerg, déi gesetzlech verankert Studentevertriedung an eng Diskussioun iwwert d’Beruffswelt an de Beruffsastieg zu Lëtzebuerg. Um Débat mam Minister Claude Meisch gouf nach emol de Point zur reforméierter Aide financière gemeet. Den Haaptpunkt wor awer d’Diskussioun iwwert eng gesetzlech verankert Studentevertriedung.

Stad Stroossbuerg
Datum 17. bis 20. Oktober 2013
Theemen

La Recherche européenne – un investissement dans le futur?

President:in Christophe Mossong
Haaptpunkten fir d’ACEL

Well d’Uni Lëtzebuerg dee selwechte Weekend 10 Joer gefeiert huet, konnt d’Ministesch Martine Hansen leider just kuerz Freides un der REEL deelhuelen an de Studenten hir Iddi fir d’Zukunft vun der Aide financière kuerz virstellen. Samschdes gouf et dunn, wéinst de Walen, déi eng Woch drop stattfonnt hunn, e politeschen Débat mat Vertrieder vun den eenzelne Parteien. Sou konnten d’Studenten sech e Bild dovunner maachen, wéi déi eenzel Parteien zu de studentenpolitesche Froen stungen. Während der Journée officielle hat d’REEL dunn déi grouss Éier den Ierfgroussherzog Guillaume an seng Fra Stéphanie zu Stroossbuerg ze begéinen. Während dem Mëttegiessen huet déi ierfgroussherzoglech Koppel den Tour vun den eenzelnen Dëscher gemeet, fir an engem labbere Kader d’Delegatiounen vun den eenzelne Studentecerclen kennen ze léieren.

Stad Oochen
Datum 11. bis 14. Oktober 2012
Theemen

Technischer Fortschritt: Von der Wissenschaft getrieben, von der Gesellschaft gebremst?

President:in Eric Gonderinger
Haaptpunkten fir d’ACEL Op der REEL 2012 war ee vun den Haaptgespréichsthemen de ”Processus de Bologne”. D’ACEL huet réckbléckend op 10 Joer Bolognaprozess e Bilan gezunn, zesumme mat de REELaner an den Invitéen. Och d’Schoulreform koum op d’Tapéit. Hei gouf ausgeschafft, wéi eng Ufuerderungen et un déi zukënfteg Studente ginn a wéi een de Schoulsystem zu Lëtzebuerg am beschten un dës Ufuerderungen upassen kann.
Stad Bréissel
Datum 13. bis 16. Oktober 2011
Theemen Esprit libre, esprit européen
President:in Tom Loehr
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’Haaptthema op der REEL fir d’ACEL war d’Orientatioun an d’Informatioun vun de Schüler a Studenten, wéi och d’Evaluation vun den Impakter vun der Aide financière (Gesetz 2010). En anert Thema op dëser REEL war d’Delegation estudiantine, déi eng legitim Vertriedung op der Uni.lu sollt duerstellen. Dës gëtt et iwweregens ëmmer nach net (Projet de loi N°6283).

Stad Zürich
Datum 14. bis 17. Oktober 2010
Theemen

Enfin diplômé(e), seulement où aller ?

President:in Jules Petit
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’REEL war fir d’ACEL zimlech nervenopreiwend ginn. Eng Woch virun der REEL hat den Här Minister Biltgen aus gesondheetleche, awer och perséinleche Grënn entschloss, net op d’REEL ze kommen an d’Directrice vum CEDIES, Dominique Faber, op Zürich laanscht ze schécken. Dëst war fir d’REELaner, déi sech op een aktiven Debat mam Héichschoulminister gefreet haten, eng Enttäuschung. Trotzdem hunn d’ACEL an d’REELaner hir gesammelt Fuerderungen a Resultater aus de Workshopen der Directrice virgedroen. Mëttes hat d’ACEL dann hiren zweeten Débat mat der Schoulministesch Mady Delvaux-Stehres, déi sech d’Fuerderunge vun de Studente fir d’Reform vum Secondaire genee ugelauschtert hat.

Stad Karlsruhe
Datum 15. bis 18. Oktober 2009
Theemen

La REEL, les acquisitions d’un esprit critique depuis 25 ans

President:in Céline Reichel
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’REEL wor 2009 fir d’ACEL ee ganz speziellen Event. Op eisem Débat Moies hate mir zousätzlech zum Héichschoulminister och nach den Aarbechtsminister agelueden, fir mat him de Studenten hir Ängscht driwwer keng Plaz, mee och kee Stage ze fannen, ze beschwätzen. Donieft stoung d’REEL ganz ënner dem Sujet vum 25. Anniversaire, mat engem groussen Débat mat fréieren ACEL- a REEL-Leit.

Stad Paräis
Datum 16. bis 19. Oktober 2008
Theemen

Le Luxembourg face au défi de la mondialisation

President:in Danièle Buchler
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’REEL war fir d’ACEL zimlech nervenopreiwend ginn. Eng Woch virun der REEL hat den Här Minister Biltgen aus gesondheetleche, awer och perséinleche Grënn entschloss, net op d’REEL ze kommen an d’Directrice vum CEDIES, Dominique Faber, op Zürich laanscht ze schécken. Dëst war fir d’REELaner, déi sech op een aktiven Debat mam Héichschoulminister gefreet haten, eng Enttäuschung. Trotzdem hunn d’ACEL an d’REELaner hir gesammelt Fuerderungen a Resultater aus de Workshopen der Directrice virgedroen. Mëttes hat d’ACEL dann hiren zweeten Débat mat der Schoulministesch Mady Delvaux-Stehres, déi sech d’Fuerderunge vun de Studente fir d’Reform vum Secondaire genee ugelauschtert hat.

Stad München
Datum 11. bis 14. Oktober 2007
Theemen

Die Zukunft des Hochleistungssports in Luxemburg

President:in Pit Gloden
Haaptpunkten fir d’ACEL

Leider wor et nach ëmmer d’Unerkennung vun den LMD-Diplomer (Licence oder Bachelor-Master-Doktorat) zu Lëtzebuerg a besonnesch beim Staat. No sengem Kopplabunz (oder Judorolle) ass den deemolegen Héichschoulminister François Biltgen zum Mister REEL gewielt ginn, eng Nominatioun déi sécher nach haut eng Eiereplaatz op sengem CV anhëlt.

Stad Stroossbuerg
Datum 19. bis 22. Oktober 2006
Theemen

Studenten a Kultur, Studentebal a Comitéthéik

President:in Olivier Schroeder
Haaptpunkten fir d’ACEL

Wéi schonn ugeschwat, war de ”5611” e wichtege Punkt am Débat mat der Madame Staatssekretärin Octavie Modert, déi d’Regierung op der REEL zu Stroossbuerg vertrueden hat. E wichtegt Thema war awer och d’Mobilitéit vun de Studenten duerch Europa. Déi belsch Regierung hat Aschränkunge fir verschidde Studiegäng decidéiert a mir hunn eis Regierung opgeruff, alles ze maachen, fir d’Mobilitéit vun de Studente weiderhin ze garantéieren. En anere, méi formelle Punkt fir ofzeschléissen: säit 2006 besteet eng REEL ASBL. Vum Organisatiounscomité vun der ALUS (Stroossbuerger Studenten) an d’Liewe geruff, soll dës ASBL d’Organisatioun vun de REELen op administrativem Plang vereinfachen an d’Institutioun REEL stäerken.

Stad Oochen
Datum 21. bis 24. Oktober 2005
Theemen

Energietechnik im 21. Jahrhundert und die Verantwortung der Politik

President:in Guy Lux
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’Uni Lëtzebuerg an d’Studiengebühre goufen ënnert anerem mam Héichschoulminister François Biltgen diskutéiert. En anert grousst Thema wor de Bologna-Prozess (Harmoniséierung vun den Héichschouldiplomer an Europa) a seng Auswierkungen op de System vun der Aide financière. Deemools gouf vum Minister eng Upassung a Reform an Aussiicht gestallt, déi an där Form sech awer ni konkretiséiert huet.

Stad Lausanne
Datum 28. bis 31. Oktober 2004
Theemen

Les défis de la Suisse et du Luxembourg face à l’Europe et la mondialisation

President:in Bob Lamboray
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’REEL zu Lausanne wor fir d’ACEL d’Geleeënheet den neien Héichschoulminister François Biltgen kennen ze léieren. Dësen huet no de Walen 2004 d’Erna Hennicot-Schoepges ofgeléist. Ee vun den Haaptpunkte vum Débat mam Minister wor d’Entwécklung vun der jonker Uni Lëtzebuerg. Donieft goufen d’Orientatioun an d’Informatioun vun de Schüler, Stéchwuert Studieninformatioun, ugeschwat.

Stad Tréier
Datum 16. bis 19. Oktober 2003
Theemen

D’Uni Lëtzebuerg, Statut vum Student zu Lëtzebuerg

President:in Michèle Nothum
Haaptpunkten fir d’ACEL

Wéi schonn am Ufank vum Joer wor och op der REEL d’Uni Lëtzebuerg eent vun den Haaptthemen, déi mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges diskutéiert goufen. Et wor wéi gewinnt e konstruktiven Austausch. Mat der Arrivée vun der Uni koum och d’Fro vum Statut vum Student zu Lëtzebuerg op den Dësch.

Stad Bréissel
Datum 16. bis 20. Oktober 2002
Theemen

Europa fir unzepaken, e Bléck hannert d’Kulisse vun Europa, d’Unerkennung vun den Diplomer beim Staat

President:in Eric Bosseler
Haaptpunkten fir d’ACEL

Am Oktober wor déi 18. Editioun vun der REEL zu Bréissel. Während 5 Deeg sinn eng Rei kulturell Visite gemaach ginn, et ass gefeiert ginn an et ass awer och geschafft ginn. D’ACEL huet op der REEL Workshops organiséiert, wou d’Relatioun tëscht der ACEL an hire Cerclen diskutéiert sollt ginn. Ee weidert Thema wor d’Unerkennung vun den Héichschouldiplomer duerch de Staat fir d’Carrière supérieure.

Stad München
Datum 25. bis 28. Oktober 2001
Theemen Gentechnologie eine Büchse der Pandora? Uni Luxemburg, doch nur eine Vision?
President:in André Mehlen
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’Uni Lëtzebuerg wor ee vun den Haaptdossieren, déi mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges diskutéiert goufen. D’Orientation scolaire et professionnelle wor en aneren Dossier, deen ugeschwat gouf. Zeréck ze behalen ass och nach, datt op dëser REEL eng éischte Kéier e Mister an eng Miss gewielt goufen. D’Iwwerraschung wor perfekt, nodeems d’Ministesch als éischte Miss REEL an d’Geschichtsbicher vun ACEL a REEL agaangen ass.

Stad Zürich
Datum 9. bis 12. November 2000
Theemen

Die Zukunft – Gewinn oder Verlust der individuellen Freiheit, Ökonomie und Finanzen, Kommunikation, Gentechnologie

President:in Christian Cortina
Haaptpunkten fir d’ACEL

Am Juni 2000 gouf dat neit Gesetz iwwert d’Aide financière vun der Chamber ugeholl. Dëse neien Text gouf vun der ACEL aktiv mat preparéiert. Mee och nom Vote woren Diskussioune nach net eriwwer. Op der REEL gouf mat der Ministesch Erna Hennicot-Schoepges en Débat iwwert den Zënssaz vun der Aide financière gefouert. Den Zënssaz sollt, wéi d’Banken et wollten, no uewen ugepasst ginn. Schlussendlech gouf festgehalen, datt de Staat d’Differenz vum reellen Zëns an dem festgesaten Zënssaz vun 2% iwwerhëllt. Donieft ass op der REEL en Accord ënnerschriwwe gi, fir d’Amicale vun der ACEL, kuerz aACEL, ze grënnen.

Stad Karlsruhe
Datum 23. bis 26. November 1999
Theemen

BTB, études du 2e et du 3e cycle, Fin d’études ouni Aarbecht, d’Aide financière

President:in Martine Schummer
Haaptpunkten fir d’ACEL

Am Kader vum 15. Anniversaire vun der ACEL ass d’REEL bei seng Wuerzelen op Karlsruhe zeréck komm. Wéi sou dacks am Laf vun de Joeren wor d’Aide financière ee vun den Haaptpunkten, déi mat der deemoleger Ministesch Erna Hennicot-Schoepges diskutéiert goufen. D’Reform vun der Aide financière, déi vun Ufank un vun der ACEL begleet gouf, ass finalement am Joer 2000 vun der Chamber gestëmmt ginn.

Stad Wien
Datum 23. bis 27. Oktober 1998
Theemen

Universität der Zukunft, Fuerschung, europäesch Bildungssystemer, Virstellungsgespréicher, Studiengebühren vs. Numerus Clausus, Fernstudium

President:in Misch Pfeiffer
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’Reform vun der Aide financière an d’Zesummeschweesse vun allen Cerclen woren déi grouss ACEL-Themen op dëser REEL. Wat d’Aide financière ubelaangt, konnte wichteg Punkte vum Gesetz ergänzt, gestrach oder ëmgeännert ginn. Dëst war nëmmen als gemeinsam staark Equipe méiglech an et kann op eng gutt Zesummenaarbecht an en oppent Ouer vun der deemoleger Ministesch Erna Hennicot-Schoeppges higewise ginn, déi der ACEL stets déi néideg Opmierksamkeet geschenkt huet.

Stad Köln & Oochen
Datum 15. bis 18. November 1997
Theemen

D’Zukunft vun der Industrie an dem Finanzmarché zu Lëtzebuerg, d’Wëssenschaft am Zäitalter vum Multimedia an d’Benotzung vun neien Energiequellen

President:in Claudine Muller & Michel Arsone
Haaptpunkten fir d’ACEL

Wéi schonn ugedeit gouf et 1997 e richtege Reformstau an de studentepoliteschen Dossieren zu Lëtzebuerg. Op der REEL gouf d’Ministesch Erna Hennicot-Schoepges dann och net geschount an d’ACEL huet der Regierung eng ganz Rei un Revendikatioune mat op de Wee ginn. Dorënner wor déi dréngend Reform vun der Aide financière. Deen Text huet der ACEL no den deemolege Realitéiten net méi entsprach. D’Ënnerstëtzung fir d’Studente vum 3e Cycle, d’Studentewunnengen, d’Reform vum Stage pédagogique an d’Orientatioun vun de Schüler wore weider Punkten aus dem Fuerderungskatalog vun der ACEL.

Stad Manchester
Datum 8. bis 13. November 1996
Theemen

Commercial and legal aspects of the Internet, Britain and Luxembourg in the European Union, d’Orientatioun am 2. an am 3. Unizyklus, Collaboration ACEL-UNEL

President:in Georges Hilbert
Haaptpunkten fir d’ACEL

Den Internet huet eng ëmmer méi wichteg Roll an der Gesellschaft gespillt. Op dëser REEL hunn mir eis d’Fro gestallt wat fir eng Verännerungen dës Technologie op d’Liewe vum Student géif hunn. Mir hunn eis och gefrot wat fir eng nei Opportunitéite géifen entsoen a wéi déi kéinte genotzt ginn. Beispiller waren eng verbessert Kommunikatioun tëscht de Cerclen an der ACEL iwwert den Internet awer och tëscht den Elteren an de Studenten. Och hei war den 3e cycle nees en Thema. Dacks ass sou een Diplom zu Lëtzebuerg nach net unerkannt ginn oder war gänzlech onbekannt. D’Orientatioun vun der Studente sollt och duerch eng méi Informatioun fir d’Studente verbessert ginn. De CPOS war an där Hinsicht nach net gutt opgestallt an wichteg Informatiounen iwwert en 3. Cycle ware rar geséint.

Stad

Montpellier & Aix-en-Provence

Datum 22. bis 27. November 1995
Theemen

Le statut de l’artiste / centre d’art contemporain «PEI», Nuklearenergie, d’Situatioun vum Student no den Studien, Homosexualitéit, Ofdreiwung, AIDS

President:in Manon Gantenbein
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’wirtschaftlech Landschaft huet sech an de 90er Joeren zu Lëtzebuerg grondleeënd verännert. Dee Wandel huet deemno och nei Uspréch un de Student a generell un den Educatiounssystem zu Lëtzebuerg gestallt. Wichteg war et fir d’ACEL datt dës Themen op der REEL zur Sprooch komm sinn. Enner anerem hunn d’REELaner no Méiglechkeete gesicht fir de Student bei der Orientatioun ze hellefen an awer och d’Fro gestallt op d’Informatioun vum Student no de Studien net sollt verbessert ginn. Och d’Nuklearenergie war als en méi breeden Débat en Thema op den Diskussiounsronne vun der REEL 1995.

Stad Lëtzebuerg
Datum 27. bis 29. Oktober 1994
Theemen

Europa an d’Europaparlament, Mënschenrechter, Entreprisë mam Recrutement vum Personal, Bourse 3ème cycle, Wunnraum fir Studenten, d’Reform vum Stage pédagogique

President:in onbekannt
Haaptpunkten fir d’ACEL

Eng REEL zu Lëtzebuerg wor eng Erausfuerderung. Verschidden albekannten Dossiere wéi verschidden Aspekter vun der Aide financière, d’Studentewunnengen an och déi zukënfteg Uni Lëtzebuerg koumen op den Dësch

Stad Stroossbuerg
Datum 24. bis 28. November 1993
Theemen

Standuert Lëtzebuerg a seng Zukunft

President:in Maurice Bauer
Haaptpunkten fir d’ACEL

Wéi schonn ugedeit, wor d’Aide financière ee vun den Haaptdossieren vun 1993. Op der REEL gouf dëst Thema dann och mat de Vertrieder vun den eenzelne Cerclen an de Vertrieder vum Educatiounsministère diskutéiert.

Stad Innsbruck
Datum 11. bis 15. November 1992
Theemen

Die Integration Österreichs, der Länder Zentral- und Osteuropas in die EG

President:in Laurence Feider
Haaptpunkten fir d’ACEL

D’REEL zu Innsbruck stoung ënnert kengem gudde Stär, well den ACEL’s-Comité bei der Wiel am Dezember eng Virléift fir Bréissel hat. E puer Leit aus dem Innsbrucker Organisatiounscomité haten sech doropshi virgeholl, alles méigleches ze maachen, fir d’ACEL ze blaméieren, an dee ganze Merite vun der REEL op sech ze halen. Dat ass schliisslech net gelongen : d’ACEL huet den Innsbrucker d’Ouverture, den Animatiounsprogramm, a souguer de formelle Protokoll vun der offizieller Begréissung vum Ierfgroussherzog Henri, dee fir d’éischt op enger REEL war, iwwerlooss. Dogéint hu mir fir interessant Gespréichsronnen iwwert Relatioune mat der Presse, d’Relations intercercles an d’Uni Lëtzebuerg gesuergt. Op dëser REEL huet d’ACEL och eng speziell Zeitung erausbruecht. Eis Redaktiounsequipe huet et trotz laange Soiréeën a ganz kuerzen Nuechte fäerdeg bruecht, d’Zeitung ze verdeelen, ier d’REELaner an de Bus no Lëtzebuerg gesat gi sinn.

Stad Montpellier
Datum 13. bis 17. November 1991
Theemen

D’Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995

President:in onbekannt
Haaptpunkten fir d’ACEL

Am Joer 1991 war d’REEL zu Montpellier, eng Première a ville Hisiichten. Éischtens, well wéineg Lëtzebuerger do studéiert hunn, an zweetens, well Montpellier wäit, ganz wäit ewech ass. Mä de Wee huet sech gelount. D’REEL ass wéinst der Qualitéit vun hiren Debatten an der “Grande Ferrade” an Erënnerung bliwwen, un déi d’jonk Stéieren vu Montpellier (oder hir Nokomme) sech nach haut erënneren…

Stad Kaiserslautern
Datum 21. bis 25. November 1990
Theemen

Écologie au Luxembourg et en Europe, Évolution du secteur de l’audio-visuel et des télécommunications, Programme Erasmus

President:in Serge Dentzer
Haaptpunkten fir d’ACEL

Eng exzellent REEL gouf vun der Ekipp ronderëm de Serge Dentzer organiséiert. Déi wichtegst Punkte, déi vun der ACEL ugeschwate goufen, waren d’Reform vun der finanzieller Hëllef fir Héichschoulstudien. De Projet vun der Reform gouf vun de Responsabele vum Educatiounsministère virgestallt. Zu där Zäit huet d’Hëllef aus dräi Deeler bestanen: d’Bourse, de Prêt ouni Zënsen an de Prêt mat Zënsen. D’Reform hat als Zil, den Zënssaz, deen deemools bei 4 % louch, ze reduzéieren an de Prêt ouni Zënsen ofzeschafen an en an d’Bourse z’integréieren, där hire Betrag sollt eropgoen. En anere wichtege Punkt, deen op dëser REEL diskutéiert gouf, war den Erasmus-Programm. E Vertrieder vun der Europäescher Kommissioun war extra vu Bréissel komm, fir déi lëtzebuergesch Studenten an Eegepersoun iwwer dëse Mobilitéitsprogramm fir Studente z’informéieren.

Stad Zürich
Datum 15. bis 19. November 1989
Theemen

Unerkennung vun den Unisdiplomer, Immatrikulatiounsproblemer vu lëtzebuergeschen Autoen am Ausland, Studentenwunnengen an hir Bezuelung, Organisatiounsproblemer vun der Foire de l’étudiant, d’Aide financière

President:in Michel Reckinger
Haaptpunkten fir d’ACEL
  • Déi 5. REEL war eng Erausfuerderung fir d’Organisateuren. Et huet jo gegollt, déi flott REEL dat Joer virdrun zu Louvain op d’mannst z’egaliséieren. An dat ass de Kollege vun Zürich gelongen, an dat net nëmmen wéinst dem ominéise Fussballmätch géint Schwäiz.
  • Interessant woren um éischte Moien dem neien Edukatiounsminister seng Ausféierungen. Et huet eis geschéngt, ewéi wann e neie Wand géif am Ministère blosen an datt eis Revendicatiounen aus deene leschte Joeren op eemol kéinten dach nach op oppen Ouere stoussen. Berechtegt Hoffnungen koumen op. Vill ze laang hate mer an deene leschte Joere missen nokucken, wéi all déi vill Verspriechen net agehale goufen. Och muss een de fantastesche Galadinner den éischten Owend vun der REEL ernimmen. Fir Studenten war dat eemoleg. Vill vun eis haten nach ni an hirer Studentenzäit d’Geleeënheet op engem Iessen derbäi ze sinn, wou esouvill Messeren an Forschetten niewent dem Teller louchen, respektiv esouvill Glieser virun dem Teller stoungen. Datt den Owend onvergiesslech bleiwe giff, hate mer de Sponsoren ze verdanken, mee och der super Laun, déi déi eenzel Vertrieder matbruecht haten.
  • Dat war e gelongene Start an d’Débaten vun der REEL, déi och sollte ganz spannend ginn. Niewent Vertrieder vum Ministère de la Santé, mat deenen iwwert déi spezifesch Problemer vun de Medezinsstudenten geschwat gouf, hunn d’Haaptdebatten sech, niewent de klassesche Problemer, ëm déi Punkte gedréint, déi d’ekonomesch Zukunft betraff hunn. An hei huet sech erausgestallt, datt d’Studenten eng wesentlech méi differenzéiert Positioun ageholl hunn ewéi d’Wirtschaftsvertrieder, virun allem mat hirer Vue op Protektioun vun eiser Ëmwelt.
Stad Louvain-la-Neuve
Datum 17. bis 20. November 1988
Theemen

Le chômage intellectuel et les possibilités de recyclage, Le 3e cycle d’études, Les relations entre Harvard et Luxembourg, Les relations entre l’ACEL et les cercles, Les aides financières accordées aux étudiants, Que peut offrir une banque?

President:in Henri Kihn
Haaptpunkten fir d’ACEL
  • Den Cercle vun Louvain hat sech Grousses virgeholl. Net nëmmen wat den Inhalt vun den Diskussiounen ugaangen ass, mee och den ”à côté” gouf bei den Kollegen aus der Belsch grouss geschriwwen.
  • Niewent dem Unterrechtsminister Fernand Boden, a senge Beamten woren och den Direkter vun der Harvard-Luxembourg Associatioun zu Louvain, den de Studenten d’Méiglechkeeten erkläert huet, op engem ”Harvard Model Congress Europe”, respektiv u Visiten op dem Harvard Campus an Amerika, deel ze huelen. D’BIL als Sponsor vun der ACEL wor direkt mat e puer Leit vertrueden an huet natierlech hir Offerten un d’Studenten presentéiert.
  • All déi Themen, déi am offizielle Programm ugeschnidde woren, goufen traitéiert. An et wor flott festzestellen, datt d’Diskussiounsronnen genau esou e grousse Succès kannt hunn ewéi déi super organiséiert Soiréeën. D’REEL zu Louvain huet e groussen Succès kannt an huet de Kollegen vun Zürech, déi sech proposéiert haten, dat nächst Joer d’REEL z’organiséieren, kräfteg ënner Drock gesat. Mee op syndikalisteschem Plang wor déi ganz REEL awer eng Enttäuschung. Obwuel een d’Gefill konnt kréien, datt de Minister a seng Beamten géifen de Studenten nolauschteren, huet een awer misste feststellen, datt net vill Konkretes eraus koum, an datt mer säit Joeren déiselwecht Sujeten géifen diskutéieren, ouni wierklech weider ze kommen.
Stad Paräis
Datum 19. bis 22. November 1987
Theemen

Reform vum Enseignement secondaire, Subsiden fir d’Studenten, Guide du futur étudiant

President:in Annick Everling
Haaptpunkten fir d’ACEL
  • Nach ni woren esouvill Studenteveräiner op enger REEL vertrueden, wat eng riseg Erausfuerderung fir d’Organisateure bedeit hat. Mat vill a guddem Asaz haten déi Responsabel awer 4 Deeg intensiv Aarbecht an Amusement kombinéiert kritt, wat kaum ee vun deene ville Participanten jee wäert vergiessen.
  • D’Wichtegkeet vun dësem regelméissege Studententreffen hat sech no deenen éischten zwou Editioune séier um Ministère erëm geschwat. Mat den Invitéë Camille Kieffer a J.-P. Schmitz vum Ministère de l’Éducation nationale ass haaptsächlech iwwert d’Reformen am Secondaire an iwwert d’Orientation scolaire et professionelle diskutéiert ginn. Et gouf an deem Kontext iwwert e Passageexame geschwat (do konnt een sech net eens ginn) an ewéi ëmmer ass och iwwer d’Subsidepolitik diskutéiert ginn. D’ACEL huet ewéi säit laangem eng Erhéijung vum Maximum vum Subsid gefuerdert. Et ass een awer leider ëmmer erëm op daf Ouere vu Säite vum Ministère gestouss.
  • Och ass mat de Ministèresvertrieder analyséiert ginn, wéi de Salon de l’Etudiant ënnert enger neier Form, an zwar mat der Participatioun vun de Studenten, dat heescht den ACEL’s-Veräiner, kéint organiséiert ginn. Dat gouf duerno och duerchgesat an ass haut quasi 30 Joer méi spéit nach ëmmer als Foire de l’Etudiant en Must fir all zukënftege Student. Datt d’Fuerderung, eng ”Jumboskaart” endlech anzeféieren, ëmmer erëm op der Dagesuerdnung stoung, war selbstverständlech.
  • D’ACEL huet sech awer op der REEL zu Paräis och vill mat sech selwer beschäftegt. Hir intern Struktur an hire Fonctionnement goufen diskutéiert. Eng Nei-Orientatioun vun der REEL gouf festgehalen, dat esou wuel wat d’Organisatioun vun den Débaten, wéi och vun de Fester ugaang ass. Och ass d’Representatioun vun den eenzelne Cerclen innerhalb vun der ACEL an op der REEL nei fixéiert ginn. En plus gouf décidéiert, de Comité vun der ACEL vu 5 op 7 Memberen eropzesetzen.
Stad Innsbruck
Datum 27. bis 30. November 1986
Theemen

Fräizügegkeet an Europa fir Studenten, Mobilitéit, Subsiden, Studien, Orientatioun, Führerschäin (Gültegkeet am Ausland), Wunnengen op verschiddenen Unien, Studentevertriedung

President:in

Jean-Paul Heintz

Haaptpunkten fir d’ACEL

Et gouf eréischt erëm thematesch, nodeems d’Statute vun der ACEL ënner Daach waren, an déi nächst REEL zu Innsbruck ustoung, déi éischt ausserhalb der vun der Europäescher Gemeinschaft (EG). En Thema, wat deemools wéi haut aktuell ass, waren déi léif Suen. D’Subside waren 1986 op d’Elteren ausgeriicht. Ween doheem net vill krut, ass och net iwwerall hi studéiere gaangen. Deemools ass de Slogan ”12×20” entstane, fir eng gewëssen Onofhängegkeet vun Doheem ze kréien an net dovun auszegoen, datt jiddereen am Summer doheem wunnt. De gefuerderte Montant vun 12×20.000 LUF géifen haut ronn 6.000 Euro Subside pro Joer entspriechen.

Stad Karlsruhe
Datum 15. bis 17. November 1984
Theemen

Autorisation de séjour, Permis de séjour, Subsides de l’État, Coopération des étudiants avec les instances publiques, les organismes professionnels et le marché de l’emploi, Relations entre les cercles d’étudiants

President:in Romain Agostini
Haaptpunkten

Aus den eenzelnen Diskussiounsronnen ass d’Iddi entstanen déi spéider ACEL ze grënnen.