
Léif e-zoom-Lieser,Alt erem eng Kéier, kënne mer iech no dräi Méint, mat ville frësche Neiegkeeten a Reportagen aus der lëtzebuergescher Studentenszen informéieren.
Net ze iwwersinn, sinn dëst Kéier di gréisser Unzuel
un Intercerclen, di am Laf vun de leschte Méint stattfonnt hunn.
Dodernieft huet d'ALEM eng Visite bei der Air Rescue gemeet an d'Lëtzebuerger
Studenten aus dem Rhein-Main-Gebitt hu mat hiren däitsche Kollegen
een Ausflug op Lëtzebuerg ënnerholl. Natierlech wor awer och
d'ACEL onermiddlech fir iech am Asaz. D'Rapportë vun den Entrevuë
mat der Ministesch Mady Delvaux an dem Minister Biltgen fannt dir ënnert
der Rubrik "ACEL".
Wéi gewinnt kënnt zum Schluss dann nach de Kalenner vun deem
waat iech an de nächsten Deeg erwaart. Do dierf natierlech op kee
Fall dee groussen ACEL Studentenbal vergiess ginn deen dëst Joer
de Freiden, 16.07 niewent dem P&R Bouillon stattfënnt a wou jo
schonns am Virfeld am Kader vum "Summer um Bouillon" di lescht
Matcher vun der Weltmeeschterschaft vun ënnerschiddlech Cerclen op
groussem Écran iwwerdroe gi.
Céline Reichel
Presidentin

Säit iwwer 20 Joer ass et schonn zu Stroossbuerg Traditioun
fir am Fréijoer duerch d'Elsass ze zéien an dobäi a
verschiddene Kellereie gudde lokale Wäin ze schmaache wéi
och eng kleng charmant an al Stiedchen ze entdecken. Samschdes den 17.
Abrëll war et dann och dëst Joer erëm souwäit, an
d’Auswiel vum Datum sollt sech als eng glécklech erweisen:
de ganzen Dag iwwer waren et iwwer 20 Grad mat bloem Himmel.
Um halwer 9 moies huet d’ALUS offiziell zum Rendezvous zu Stroossbuerg
...
Den Tournoi de l’Ambassadeur, ass ee Fussballstournoi deen
all Joer à tour de rôle vu Bréissel, Lëck, Léiwen
oder Oochen organiséiert gëtt. Dëst Joer war et dunn
um Tour vun deene Lëcker, déi den Tournoi awer aus diverse
Grënn net konnten organiséieren. Bréissel huet sech
dun bereet erkläert anzesprangen, an den Tournoi ze organiséieren.
Den 22ten Abrëll war et dunn esouwäit.
Och dëst Joer gouf ënnert de Lëtzebuerger Studenteclibb
an der Schwäiz de Swisscup ausgedroen. No Fribourg 2008 a Lausanne
2009 wor et 2010 erëm um Zürcher Comité fir dëst
sportlecht Event ze organiséieren.
Lass goung et um 9 Auer mat engem relativ kuerze Warm Up am Sport Center
vun der ETH Zürech. No de Gruppematcher am Fussball an am Volleyball
an esngem ganz kuerzen Iesse gouf de Basketstournoi ausgedroen.
Wéi all Joer huet och dëst Joer de Cercle vun de Lëtzebuerger
Studenten zu München (LSM) rëm säin traditionelle Café-Ralley
duerch ee Quartier vu München organiséiert. Dëse Samschden
29. Mee ass et drëm gaange fir de rosa Quartier, och nach bekannt
als Glockenbachviertel, vu München onsécher ze man.
Wéi et koum, woren dee Weekend och di Oochener op hirer alljährlecher
Kulturrees, déi se dëst Joer op München bruecht huet.
Dunn hunn di zwee Cerclë sech geduecht, et wier dach keng schlecht
Iddi, fir eng kleng Intercercle aus dem Café Ralley ze man.

Hei kënnt dir de Rapport zu der Entrevue vum 12.04.2010 tëschent
dem Här Minister Biltgen an der ACEL liesen.
Hei kënnt dir de Rapport zu der Entrevue vum 26.03.2010
tëschent dem Mme Ministesch Delvaux-Stehres an der ACEL liesen.
En Iwwerbléck iwwer den Engagement vun der ACEL während de Meint Abrëll bis Juni.

D’ALEM (Association Luxembourgeoise des Étudiants en
Médecine) hat viru kuerzem eng eenzegaarteg Geleeënheet e
reellen Abléck ze kréien iwwer den Alldag vun der Luxembourg
Air Rescue.
Sou sin mir mëttwochs den 7. Abrëll op de Findel gaangen, fir
eis dat ganzt méi genee unzekucken.
Een informatiounsräiche ...
Mir hate fir eis Däitsch Kollegen e Weekend zu Lëtzebuerg organiséiert,
fir hinnen mol ze weise wou mir hierkommen.
Freides Owes war den Départ zu Frankfurt an Direktioun Lëtzebuerg.
Mat engem klengen Tëschenstopp an der Jugendherberg a Clausen si
mir direkt wieder op de Bréisseler Bal an den Atelier gaangen.
Jo, si haten all en nawell komesch gekuckt wéi de ganzen Atelier
op een mol op „Connemara“ abgaangen ass!
Den aneren Dag, ware mir all (mat enger Ausnam...) mat Zäiten op,
an ....
Wéi all Joer, sicht de Centre de Psychologie et d'Orientation Scolaire (CPOS) och dëst Joer erem motivéiert Studentinnen a Studenten, déi Schüler an deene verschiddenste Fächer ennerstëtzen.
Eternal Tango, eng jonk lëtzebuergesch Band, déi sécherlech sou muncherengem vun iech dierft ee Begrëff sinn, hun dëst Fréijoer hier "Welcom to the Golden City" Tour duerch Däitschland gemeet an ënnert aanerem och zu Frankfuert a.M. also beim LSRM ee Concert am Nachtleben gin. Heibäi goufe si vun de lëtzebuerger Studenten ugefeiert. Hei e puer Impressiounen vun hirem Concert.

| Wat & Link | Beschreiwung |
|---|---|
| Séminaire Jobstarters | 06. Juli 2010, 15:15 Spuerkeess Rousegäertchen |
| EU Youth Report | The first European Commission report on Youth in the European Union, is now available in pdf format. The report gives a picture of the situation of young people in Europe by compiling data and statistics. |
| This is an online space addressed to young cultural policy researchers for networking, online posting, participation in discussions with eminent researchers and professionals. | |
| The Official Bologna Process 2007-2010 web site | What is the Bologna Process? When did it start and which are the countries and organisations involved in the process of creating the European Higher Education Area? To these and to some more questions you can find an answer on this web site. |
| Yes for EVS | Website wou een all d'Infoen zum Europäeschen Fräiwëllege Programm fënnt, deen ët engem erlaabt 6-12 Méint als Volontaire bei engem Projet an engem aanere Land vun der EU ze schaffen. |
| ShootNations 2010 | Shoot Nations is a free global youth photography competition, giving young people the chance to express their opinions through visual communication. The theme for this year is: City Living. Young people aged 11-25 from anywhere in the world are invited to submit 3 photographs or drawings. Deadline: 28. Juli 2010 |
| Dream Africa Volunteer Service | This organisation provides a wide range of volunteering programmes in Ghana. Interested volunteers can apply for a project and, if selected, will have the opportunity to be part of a rural community, work there, gain experience and discover a new culture. |
| Oceans: Socialnetwork | Organisation for Co-operation, Exchange and Networking among Students. New association helping alumni from the EU's university programmes with partner countries in North America and the pacific region to stay in touch and network. |
| XStudy.EU | First and only directory to record the vast range of course offerings in Europe's higher education market. Detailed course profiles provide precise descriptions, leading any interested student to the perfect study course. |
| M100 Youth Media Workshop, Potsdam, Germany | 23.-26. August 2010, |
European Union Contest for Young Scientists, Lisbon, Portugal |
The EUCYS, European Union Contest for Young Scientists, is an initiative created by the European Commission with the goal of promoting the science interchange between young scientists and guiding them to a future in science and technology. |

| Wéini | Wat | Wou | Ween |
|---|---|---|---|
| 03.07.2010 | Public Viewing | P&R Bouillon | ALUS |
| 06.07.2010 | Public Viewing | P&R Bouillon | CEST, aACEL |
| 07.07.2010 | Public Viewing | P&R Bouillon | Anesec |
| 10.07.2010 | Beachvolleybal Tournoi an Public Viewing | P&R Bouillon | CEFT, AELK |
| 11.07.2010 | Public Viewing (Finale) | P&R Bouillon | LESTLE |
| 16.07.2010 | Studentenbal - ACEL | P&R Bouillon | ACEL |
| 18.07.2010 | Summercup - Fußballtournoi | Remerchen - Terrain de Football | LSI |
| 23.07.2010 | Bal vun den Lëtzebuerger Studenten zu Innsbruck an Aix | Clausen | LSI, Letz'Aix |
D'Daten vun den Evenementer kënne variéieren. d'Auteuren sinn alleng responsable fir hir Artikelen. d'ACEL behällt sech vir, Artikelen vun aneren Associatiounen oder Institutiounen net ze publizéieren. Wann Dir eng Annonce wëllt maachen, kënnt Dir eis kontaktéieren oder an eiser Partenariat Rubrik nokucken.
















