Den Tournoi de l’Ambassadeur, ass ee Fussballstournoi deen all Joer
à tour de rôle vu Bréissel, Lëck, Léiwen oder
Oochen organiséiert gëtt. Dëst Joer war et dunn um Tour vun
deene Lëcker, déi den Tournoi awer aus diverse Grënn net
konnten organiséieren. Bréissel huet sech dun bereet erkläert
anzesprangen, an den Tournoi ze organiséieren.
Den 22ten Abrëll war et dunn esouwäit. Op engem sonnegen Doneschtennometten,
haten déi 4 Cerclen um halwer 1 um Stade d’Ixelles zu Bréissel
Rendezvous. Nodeems déi jeeweileg Équipë sech an hier schéin
Uniforme geheit haten ( déi eng hate Fussballsuniformen a Fussballschong,
an déi aner hate Pulloveren, Jeans a Biergschong) , ass et dun géint
20 op 1 endlech lass gaangen.
Am éischte Match konnten déi Lëcker sech géint d'Grand-Ducale
vu Léiwen duerchsetzen, an am 2ten Match sinn déi Oochener net
iwwert e Gläichspill géint déi 2. Équipe vu Bréissel
erauskomm. Déi doropfolgend Matcher waren all haart emkämpft,
an et ass bis zum Schluss spannend bliwwen, ween da géif d’Editioun
2010 gewannen. An der Tëschenzäit, ass dann och schonn de Grill
ugeheizt ginn, deen awer gewëss Startschwieregkeeten hat, soudatt verschidde
Leit alt ee Béier hun misse méi drénken an der zéit.
Nodeems all Équipe eng kéier géintenee gespillt hat,
hat Oochen 1 Match gläich gespillt, Bréissel 1 verluer, Lëck
2 verluer, 2t Équipe vu Bréissel 1 gläich an 2 verluer,
an déi Léiwener sin leider eidel ausgaangen. D’Final ass
dunn tëschen Oochen a Bréissel ausgedroe ginn. Nodeems Oochen
2009 gewonnen hat, konnt Bréissel sech schlussendlech mat 2-0 duersetzen,
a konnt esou seng 3ten Victoire an de leschten 4 Joere feieren.
Virun der Coupeiwerreechung, an nodeems de Grill finalement u war, ass et
dunn awer mol nach eppes z'iesse gin fir jiddereen, an ze drénken souwisou.
Nodeems dun jidderee sat war, krut all Équipe hier Coupe a form vun
2 Fläsche Schampes. Doropshi sin mer dun weidergezunn op d’Uni
bei eise Cercle, wou dunn de Roi National ausgedroe ginn ass. De Roi National
ass eng Competitioun wou d’Rois des bleus vun deenen 4 Cerclen deelhuelen.
De Gewënner gëtt dann eben de Roi National. Lëck, déi
beim Fussball knapps net an d’Final komm sinn, konnte sech hei awer
bis an d’Final duerchsetzen, wou et dun geheescht huet Bréissel
ze schloen. Dëst huet hire Roi dunn och fäerdeg bruecht, sou dass
de Roi National 2010 Lëck heescht.
Duerno ass dunn nach ausgeloossen, bei gudder Ambiance gefeiert ginn. An de
rescht kennt dir iech all denken. Mir freeën eis schonn op eng flott
Editioun 2011 zu Oochen...
Alain
Prési vum CELB
![]() |
![]() |
|
|
![]() |
![]() |
|
![]() |
![]() |
|
![]() |
![]() |
|
![]() |
![]() |
|
![]() |
![]() |
|
![]() |
![]() |
|
![]() |
![]() |


.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)
.jpg)