Swisscup 2010
LSZ - 27/04/2010

Och dëst Joer gouf ënnert de Lëtzebuerger Studenteclibb an der Schwäiz de Swisscup ausgedroen. No Fribourg 2008 a Lausanne 2009 wor et 2010 erëm um Zürcher Comité fir dëst sportlecht Event ze organiséieren.
Lass goung et um 9 Auer mat engem relativ kuerze Warm Up am Sport Center vun der ETH Zürech. No de Gruppematcher am Fussball an am Volleyball an engem ganz kuerzen Iesse gouf de Basketstournoi ausgedroen. Dës Disziplin konnt déi Zürcher Equipe mat engem exemplaresche Kampfgeescht an der leschter Sekonn fier sech entscheeden. De Volleyball gouf wéi all Joer vun de Lausanner dominéiert an och d’Fribourg’er konnten de Spieß trotz gudder Leeschtung an der Final net ëmdréinen. Schlussendlech koum déi prestigiéis Fussballs Final wou d’Lausanner deen Dag net ze stoppe waren a kloer gewonn hunn. Ganz houfreg konnt all Club awer och op seng Fussballdammenéquipe sinn. Dësen Tournoi gouf och, allerdéngs ganz knapp, vun de Lausanner gewonnen. Erwähnenswert ass nach niewent den ca. 100 Participanten an den zuelraichen Spectateuren eis Big Band, déi während an tëschent de Matcher mat Lidder wéi "Kättchen Kättchen" fir Stëmmung gesuergt huet.
Fir eng gutt Basis fir d’Nuecht ze hunn, goung et dunn bei de Mexikaner, wou et Fajitas à discrétion gouf. E puer Stonnen drop wor du jiddereen nom eng oder anerem Glieschen excellenter, awer eben och héichprozenteger Sangria gutt lancéiert.

 
 
 
 

 

 




sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Orange Mercedes-Benz