1. Reform Fonction Publique: Proffecarrière
Am Moment muss een en Diplom vun engem Studium vu véier Joer an engem
Fach hunn, fir beim Concours fir Proff ze ginn, acceptéiert ze ginn.
Mä en neit Gesetz fir d’Reglementatioun vun de Proffecarrièren
ass den 22. Abrëll gestëmmt ginn. Et brauch een e Bachelor an e
Master (entweder am nämmlechte Fach, oder e Master am nämmlechte
Fach, dee méi op Pédagogie ausgeluegt ass). D’Gesetz gëtt
aktiv wann et definitiv duerch d’Chamber ass a gesäit eng Iwwergangsfrist
vun 3 Joer vir. Duerno kommen nëmmen nach Kandidate mat Bachelor a Master
an de System eran. Wat geschitt mat alen Diplomer? Dat ass an der Chamberkommissioun
ugeschwat ginn, mä dat géing just ëmgesat ginn, wann et fir
déi ganz Fonction publique ëmgesat géing ginn.
ACEL: den Här Wiseler huet eis informell zougeséchert datt do
Iwwergangsfristen géingen agefouert ginn, sou datt di al Diplomer och
a puer Joer nach di nämlecht Méiglechkeeten hunn. Mir bleiwen
do drun. Dëst ass eng ganz pikant Saach, well et an der Praxis vun der
Homologatiounskommissioun och net virgesinn ass, datt een, no sengem alen
Diplom, nach e Master ka maachen, an dann sou an de System era kennt. Et brauch
een e Bachelor an e Master, alles anescht ass deemno net méiglech.
2. Studieninfo vun der ACEL:
Projet ADEM, CPOS an CEDIES zesummen an d’Lycéeë fir Schüler
ze informéieren. Dëst ass nach net am Gesetz festgeluegt, do brauch
een nach bëssen Zäit, well et relativ komplizéiert an zaitopwendeg
as.
Mi hu matt der Ministesch iwwert Orientatioun a Studieninfoen geschwat, notamment
fir puer Ideeën ze fanne wéi ee besser un d’Schüler
rukënnt.
3. Schoulreform
a. Qualitéitssécherung vum Diplomer de fin d’études
secondaires. Sproochen:
Ministesch: Sprooche ginn net manner gemeet an der neier Reform. Op der A,
G, an D sinn 3 Sprooche bis op 1ère. Op der B an C kann een dat läscht
Joer eng Sproch wechloossen. Dat bléift d’selwecht. Dat eenzegt
wat geännert huet ass datt ee muss englesch auswielen. De Ministère
huet eng Enquête gemaach iwwert d’Ufuerderung un d‘Sproochekenntnisser:
Am Osten an Am Norden ass et ganz anescht wéi am Zentrum an am Süden.
Englesch gëtt ëmmer méi wichteg. Langue véhiculaire
bleift awer franséisch. Et sief och ugemierkt, dass deen Niveau, deen
an Zukunft vun de Sprooche verlaangt gëtt, wäit iwwert deem leie
wäert, deen d’Schüler am Schnëtt lo kënnen. Am Moment
gouf näämlech ni den Niveau vun de Sprooche certifiéiert,
mä d’Zuel vun de Joeren.
Enseignement secondaire technique: op der 13ème huet ee lo bei der
Filière « Sciences et Technologie » als Enseignement de
Langue nëmmen englesch. An anere Fächer ass franséisch awer
och « langue véhiculaire ».
Regelung op de schwäizer Unien: et muss een zwou Sproochen „à
même niveau“ beherrschen a Wëssenschaften op 1ère/13eme
gemaach hunn. Dëst misst lo fir all Sectioun klappen, well d’Naturwëssenschaften
méi laang enseignéiert ginn. Laut der Ministesch wier et ni
de Fall gewiescht an et wäert och ni de Fall sinn, dass een zwou Sproochen
um nämmlechten Niveau beherrscht hätt. Trotzdem muss dëse Punkt
observéiert ginn. Presentatiountechniken vu Projet’en an Oralen
solle méi wichteg ginn. Methodologie du travail soll méi geléiert
ginn.
Aal Griechesch a Latäin bleiwen nach bestoen an dat op all de Sectiounen.
De Geescht vun der Reform ass datt een eng breetgefäschert Bildung huet.
Momentan ginn an der E an an der A Sectioun d’Wëssenschaften zevill
negligéiert. Mat der neier Reform huet all Klass e Minimum vu Wëssenschaften.
D’Methodologie de travail ass och e Volet vun der Reform. Et muss ee
léieren seng Zäit ze géréieren an e Projet iwwert
länger Zäit ze plangen (travail d’envergure).
D’ACEL ass gefrot, fir seng Stëmm anzebrénge wann et drëm
geet wéi eng Fächer lo zu wéi engem Socle gehéiert.
Si sënn och bereet op engen vun eisen Aktivitéiten als Diskussiounpartner
deelzehuelen.
An der Sectioun « Langues et sciences humaines » muss een 3 Sprooche
maachen, 2 dervu ginn am Examen ofgefrot (englesch ass obligatoresch). Da
kann een awer och nach eng 4. « langue vivante » wielen an eventuell
souguer nach aner 2 Sproochen. Da bléift nach 1 Fach fir d’Culture
générale. De Problem ass lo datt een da schon bal seng 6 Fächer
huet di een am Examen huet. Am Joer sinn et allerdéngs méi Fächer.
Wéivill dat der sinn hänkt vun der Schoulorganisatioun of. Et
gi keng Fächer méi just mat enger Stonn (ausser Sport).
b. Säit 2002 ass keng Étude méi iwwert de Parcours vun
de Schüler no der 1ere gemaach ginn. Wéini gëtt do eng nei
Étude gemaach?
Ministesch : Bei deenen Étudë kennt bal ëmmer dat nämlecht
raus, dofir mécht et nëmme Sënn sou eng Étude ze maache
wann ee wesentlech Parameter vum Schoulsystem geännert huet.
Wat d’ACEL hei intresséiert si Statistiken iwwert wat Studenten,
wou studéieren. D’Idee ass opkomm datt d’ACEL eventuell
eng Étudë bei hire Membere mécht, mä allerdéngs
ass dat net sou einfach. Sou eng Étude wär näämlech
net representativ a genee.
c. Firwat si just nach 6 Fächer am Examen?
Ministesch: all Étudë weisen datt 4 Fächer duerginn, fir
representativ eppes auszesoen iwwert Maturitéit. De But ass datt et
organisatoresch méi einfach gëtt, an eng manner laang Examenszäit
ze hunn. Et soll méi Matière fir manner Exame gefuerdert ginn
an net méi nëmme bësse Matière a vill verschiddene
Fächer.
Doduerch soll de Student méi laang zum schaffe kommen a méi
responsabel ginn. Den Exame wär sou net méi einfach.
Wéi kënne Proffen dat ëmsetzen? Formatiounen? Do ass nach
näischt kloer. Mee si si sech wuel bewosst, datt do och eppes muss geschéien,
well soss bréngt di ganz Reform näischt.
Intentioun: Virbereedung op d’Uni soll besser ginn. Wat gëtt do
konkret gemaach?
1.Travail d’envergure.
2.Enseignants setze sech zesummen a sichen ee Fach wou ee muss méi
léieren, fir méi gewinnt ze sinn e grousse Pensum ze léieren.
Sou soll dann ee mol am Joer e grousse Pensum an enger Prüfung/Examen
ofgefrot gi.
3.Léieren eppes opbauen. Datt een ëmmer rëm dat wat ee virdru
geléiert huet mathuele muss. Sou entsteet ee Repetitiounseffekt. An
all Fach ass dat net méiglech, mee an Niewefächer kennen sou Prüfunge
gemaach ginn déi méi Examen op der Uni gläichen.
d. Echec am lëtzebuerger Schoulsystem :
Et gëtt zevill Leit, déi duerchfalen, zemools an der Primärschoul.
Et huet allerdéngs och vläicht mat de Sproochen ze dinn, well
et vill verlaangt ass vun de Schüler. Awer och am Lycée fale Leit
duerch, an op der Uni hält och jidder drëtten op.
e. Sektiounen am EST
Am « Enseignement secondaire technique » gëtt et an Zukunft
eng Sectioun méi. Technique générale, Informatik, Administration,
Professions de santé (BAC op der 13ème, vun nächst Joer
un, et mécht een duerno nach 2 Joer BTS) Artitique a Commerce et Communication.
