Wéi all Joer huet och dëst Joer de Cercle vun de Lëtzebuerger
Studenten zu München (LSM) rëm säin traditionelle Café-Ralley
duerch ee Quartier vu München organiséiert. Dëse Samschden
29. Mee ass et drëm gaange fir de rosa Quartier, och nach bekannt als
Glockenbachviertel, vu München onsécher ze man.
Wéi et koum, woren dee Weekend och di Oochener op hirer alljährlecher
Kulturrees, déi se dëst Joer op München bruecht huet. Dunn
hunn di zwee Cerclë sech geduecht, et wier dach keng schlecht Iddi, fir
eng kleng Intercercle aus dem Café Ralley ze man.
Sou woren et dann elo schonns zwee Cerclen mat am ganzen ëmt déi
20 Leit, déi vu Café zu Café gezu sinn an alles ginn
hunn. Am ganze wore véier Caféen duerch ze huelen, wou och Spiller
hu misse bestane gi. Doniewent ass et natierlech och drëm gaange fir
d’Frobéi ze léisen an natierlech tëschent de Statiounen
esou vill Caféë wéi méiglech ze besichen.
Den Ofschloss hu mir dann all zesummen am Bergwolf mat der beschter Currywurscht
aus München gefeiert.
De grousse Gewënner vun deem Owend wor (niewent de Caféen vum
Glockenbachviertel):
d’Grupp 3 mam Max Flammang (LSM), Linda Hoegner (LSM), Robert Reding
(LSM), Joe Malget (AVL), Simone Dengler (AVL), Eric Gonderinger (AVL).
