1. Gudd Zesummenaarbecht 2009; positven Debat op der REEL zu Karlsruhe.
2. Invitatioun fir d’REEL 2010 zu Zürich ausgesprach. Den Här Minister huet zougesoot ze kommen.
3. Studieninformatiounsveranstaltungen:
ACEL: Propose zesummen mam CEDIES Studieninfoen ze organiseiren,
well die zwou Organisatiounen sech gutt ergänzen. D’Idee as och
d’ADEM mat an d’Boot ze huelen fir d’Schüler besser
iwwer den Aarbechtsmarché ze informéieren.
Minister Biltgen: Momentan as e Pilotprojet lanceiert ginn
deen ADEM, CPOS an CEDIES regroupéiert fier Studieninfos ze organiseiren.
An enger éichter Phase gesinn ech ACEL net doranner, well et éischter
eng Ulafstell gëtt. Bei de klassesche Studieninformatiounsséancen
kënne mer eis Zesummenaarbecht awer gären ausbauen.
4. Reform vun der Carrièren an der Fonction Publique:
ACEL: Aféierung vun de Bachelor / Master Carrièren
beim Staat. Wei ass den Zäitplang fir d’Bachelor/Master Carrièren
an der Fonction Publique?
Minister Biltgen: Beim Master stellt sech de Problem net,
do hu mer schonn an der leschter Regierung decidéiert, dass alles wou
e Studium vu 4 Joer wir e Master gefuerdert ging ginn. Allerdéngs sinn
vill Leit an der Fonction Publique an d’CGFP géint eng separat
Bachelor Carrière. Doduerch gouf meng Propose vun der CGFP verworf.
Ech treffe mech de 19.04.2010 mat der CGFP, fir iwwer Bachelor Carrière
an Gehälterreform ze schwetzen. Wann de Bachelor/Master an der Fonction
Publique agefouert get, ass et méigleg de Feeler dee lo man PdL N°
5995 gemaach ginn ass rem reckgängeg ze maachen, sou dass een och z.B.
mat Diplom+Master kann Proff ginn. De Minister Biltgen seet dass beim PdL
N° 5995 och eng Iwwergangszeit misst agebaut gin.
ACEL: Et gin lo well Problemer bei der Reform vun den Proffencarrièren.
Ab 2013 kann een nëmmen nach mat Bachelor a Master an engem Fach Professer
am Lycée ginn. Laut dem Projet de loi 5995, kënnen all déi
Leit, déi op Diplom, Magister, Lehramt a.s.w. Studéieren ab
2013 net mei Professer gin.
Minister Biltgen: Dat kann ech mer net virstellen, do muss
et Iwwergangszäite ginn. Mee wéi ass et da mat iech? Dir misst
2013 dach fäerdeg sinn?
ACEL: Jo, mir schonn. Aner Leit awer nach net. Ausserdem
hätte mir gären, dass een och als éischt privat an dann e
puer Joer drop mam alen Diplom bei de Staat schaffe goe kann. Anscheinend
geet et och net dass een no engem alen Diplom e Master mécht, et brauch
ee carément e Bachelor.
Minister Biltgen: Jo, dat mam Bachelor stëmmt. Mee dofir
muss et awer wéi gesot iwwergangszäite ginn.
5. Décret Simonet:
ACEL: Wou sinn mer an dem Dossier drun? Verhandelt de Ministère
nach emmer dass eng Ausnahmeregelung fir Letzebuerger Studenten op belschen
Unien agefouert get.
Minister Biltgen: Den Här Minister ward elo mol of wei
Prozesser an der Belsch zu deem Thema ausgin. Bis dei ferdeg sinn kann een
am Moment néicht maachen. Op deser Plaatz gellt et och nach ze soen
dat wann Leit an der Belge net ugeholl goufen sech w.e.g. beim Ministère
sollten mellen.
6. Foire de l’Étudiant:
ACEL: D’ACEL fuerdert fier d’Foire de l’Étudiant
2010 en Stand nierwent dem CEDIES an der Entrée. D’ACEL ass Partner
vum CEDIES an der Organisatioun vun der Foire. Mir ginn wertvoll Informatiounen
an kennen Leit op der Foire gudd orientéieren (och wéi een sech
op deer Foire soll informéieren). Mir wéilten dass de Guide
du Futur Étudiant an der Entrée verdeelt get an dass sou en
Plan d'Orientation gemaach get sou wei mer daat schon lescht Joer proposéiert
haaten (CEDIES-ACEL-Uni & Cercle-Entreprisen).
Minister Biltgen: Nierwent de CEDIES komme mer sécher
net, mee mir kruten awer garantéiert an die zweet Haal bei d’Haaptentrée
an der Mett ze kommen. Weideres schwetze mer mat der Mme Faber an enger Entrevue
iwwer Foire.
7. Néi Schoulreform am Lycée:
ACEL: Et muss an der Emsetzung vun där Reform oppassen
dass een mat der „neier“ Première speider iwwerall kann
studéiere goen, sou dass de Problem wei elo mat der A dei op schwäizer
Unien net mei besteet.
Minister Biltgen: D'Madame Delvaux huet e ganz enken Kontakt
mat eis.
8. CIE-EP:
ACEL: Wei zefridden as een mat dem CIE-EP?
Minister Biltgen: Dei Mesure war haaptsächlech fir Ingenieuren
geduercht, an daat klappt och gudd fir déi iwwer des Mesure an Zeit
vun Kuetzaarbegt an Astellungsstop an ze stellen. Am grousse ganzen, hunn
Universitairen och manner Problemer eng Platz ze fannen, waat och erklärt
dass ganz wéineg Leit iwwer des Mesure zu enger Aarbegtsplatz kommen.
9. Luxtrust Stick beim CEDIES:
ACEL: De Stick as net mei gratis fir Schüler no der
1ière/13ième. Wisou?
Minister Biltgen: Daat war eng eemoleg Saach wou en agefouert
ginn ass, lo muss een bezuelen fier en ze kreien.

