Catégories      » édition Janvier 2009  

Editorial
Virwuert vum President

Léiwen e-Zoom Lieser,
Aus deem leschten e-Zoom vum Joer ass elo deen éischten e-Zoom vum neie Joer ginn. Well an der Krëschtzäit traditionnel vill Studentenaktivitéite stattfannen, hu mir décidéiert den e-Zoom eréischt am Januar erauszebrengen, fir iwwer dee chargéierten Dezember matberichten ze kënnen.

Nieft ville Baler an dem Tournoi Universitaire ass den Dezember awer och d’Zäit vun den AGen fir eng ganz Rei Cercelen, an och fir d’ACEL. Den ale Comité konnt ee positive Bilan iwwer dat vergaangend Joer zéihen. Dëst gouf fir d’ACEL intern vun enger neier Generatioun, an extern vun enger neier grafescher Identitéit geprägt. Vill al Publikatiounen an Aktivitéite vun der ACEL konnten iwwerschafft a moderniséiert ginn, ouni dass dobäi u Qualitéit verluer gaange wier.

En neie Comité ass elo gewielt ginn, a seng Aufgab wäert et sinn d’Missioune vun der ACEL weider ze féieren: d’Studenten informéieren, zesumme féieren a representéieren. Donieft steet awer och ee ganz spezielen Ulass um Programm: d’ACEL feiert 2009 hiere 25. Gebuertsdag. D’Feierlechkeeten a Form vun enger Séance académique an engem Iessen si fir den 28. Mäerz virgesinn.

Méi heiriwwer fannt der wéi gewinnt an den eenzelnen Artikelen an dësem e-Zoom, weiderhinn fannt der och Reportagen iwwer d’ 50 Joer Feier vun der ANEIL, Intercerclen vun de vergangene Méint, eng kleng Presentatioun vum neie Comité a villes mei.

Am Numm vum neien ACEL Comité wënschen ech iech e flott an erfollegräicht Joer, a besonnesch vill Gléck an den Examen, fir déi déi se nach net all hannert sech hunn!

Vill Spaass beim Liesen!

Jean Claude Thiry
President ACEL

s'inscrire/se désinscrire
inscrivez-vous et recevez par mail toutes les nouveautés



ACL


Intercercles
Aktivitéiten vun de verschiddene Studenteclibb


Badische Meile
(11/11/2008) Karlsruher Caférallye
.

badische MeileDen 11. November war et erëm souwäit. Déi traditionell Badische Meile, de Karlsruher-Café-Ralley, organiséiert vum Dafcomité fir d’Bleuen an hier Parrainen, stoung virun der Dir. Wéi ëmmer hu mir eis Noopesch-Cerclen an hier Bleuen och invitéiert. Eng kleng Stroossbuerger Delegatioun huet och de Wee bis op d’Maartplaz fonnt. Schéi verkleet, schliisslech war et jo Faschingsbeginn, goufe mer dann a véier Gruppe vu circa 10 Leit agedeelt [...]
» Weiderliesen

Beach Volley Tournoi zu Kaiserslautern
(19/06/2008) Eng sandeg Nationalfeierdaagsparty
.

Beach VolleyNom Succès vun 2007, huet de Comité vum LSK net laang gezweiwelt, an déi 2ten Editioun vun dem groussen „sportlechen“ Dag op Been gesat.
Dëst Joer konnte mer souguer op zwee weider Cerclen zielen, an zwar waren dat Uni.lu an eis „Kölner Kolleginnen“ mam Hunn am Kuerf Jean-Paul Klopp.
Ennert anerem waren och d'Oochener Jongen, eng Équipe vu Bréissel a puer lokal Lauterer Équipen um Dill. [...]
» Weiderliesen


ACEL
Aktivitéiten an Informationen vun der ACEL


Den neie Comité vun der ACEL
stellt sech vir

Aalen+neie ComitéDen 26. Dezember 08 gouf de neien ACEL-Comité vun de Cerclë gewielt. Fir dass du dier e bessert Bild vun dengem Studentevertrieder kanns machen, stellt sech jiddereen hei vir.[...]
» Weiderliesen

Vox

ACEL Wanter-AG
(26/12/09) Assemblée générale op dem Campus zu Walfer

AG Den Freiden, 26. Dezember 2008, huet am Audimax vun der uni.lu déi traditionell Wanter-AG vun der ACEL statt fonnt.
No enger klenger Verspéidung konnt den Jean Claude Thiry, President vun der ACEL, d Vertrieder vun den Cerclen souwéi vun den Sponsoren an der Presse wëllkomm heeschen. An sengem „mot de bienvenue“ huet den President dann een Réckbléck op d Joer 2008 gemaach. Dëst Joer huet sech fir den Jenc Thiry ënner anerem doduerch ausgezeechent, dass den Comité 2008 een aussergewéinlech jonken Comité mat villen neien Gesiichter war[...]
» Weiderliesen

 

25. Anniversaire vun der ACEL
2009 - D'ACEL feiert Gebuertsdag
.

D’ACEL ass 1984 ob der REEL gegrënnt gi a gëtt lo 2009 25 Joer aal.
Fir dëst dann och gebührend mat der Studentefamil an eise Partner ze feiere plangt ACEL mat der Hëllef vun der AACEL eng Séance académique. Dat ganzt soll den 28. Mäerz 2009 statt fannen. D’Séance académique soll mat enger Table ronde zum Thema: „De Stellewäert vum Akademiker an der Gesellschaft“ ufänken. Dofir wäerten eng ganz Réi interessant Gäscht invitéiert gi. Dono geet et weider mat enger Receptioun a fir Owes ass en Iesse geplangt [...]
» Weiderliesen

epaper

Tournoi Universitaire
Spill, Sport a Spaass
Tournoi de NoelDen Tournoi Universitaire 2008 huet des Kéier den 22. an 23. Dezember wei gewinnt um Campus Geesseknäppchen statt fonnt.
[...]
» Weiderliesen

Mercedes

ACEL-Flash Info
Récapitulativ vun den Aktivitéiten vun der ACEL di läscht 3 Méint
.

flash

En Iwwerbléck iwwer den Engagement vun der ACEL während de Méint Oktober-Mett Januar[...]
» Weiderliesen


Studentesches

Informatiounen iwwert a ronderem d'Studenteliewen

 

D'Studenteliewen während der Chrëschtvakanz
Eng kleng Geschicht iwwert ee Studenteliewen während enger Chrëschtvakanz

balerDear Santa,
I am writing to you in order to let you know about my well-behaves and mischiefs of this year. In order to save your precious time, I think it best to confess the last two weeks only, since they pretty much sum up my average daily life in the year of 2008. To let you know beforehand, my consciousness rests in the deepest dungeons of hell and I promise wholeheartedly that I will change (Yes, We Can!). Here is a short sum up of the things I will never do again:[...]
» Weiderliesen

MASTERS

LSC Chrëschtrallye
(11/11/2008) Kölle goes Rallye
.

LSC ChreschtrallyeWéi all Joer war och dëst Joer viru Chrëschtdag rëm de LSC Chrëschtrallye.
De Chrëschtrallye ass dëst Joer fir di éischt Kéier um Neumarkt, direkt am Staatzentrum bei der berüchtegter Schildergasse lass gang.
Fir d’éischt hunn di verschidde Gruppe missen eng Réi Froen iwwer de Chrëschtmaart beäntweren, ee et fir si weider bei di verschidde Spiller gang ass.
Um Wee fir bei d‘Spiller hunn nach eng ganz Rei vu Froen iwwer Köln, Sport, Politik, Film, Musek, Kultur missen beännfert gi.[...]
» Weiderliesen




CMC
Cercles membres consultatifs vun der ACEL

 

50 Joer Feier vun der ANEIL
D'Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois feiert Gebuertsdag

50 Joer ANEIL
Den 15ten November war et esou wäit, den Dag vun der 50 Joer Feier vun der ANEIL war do. Een flotte Kader, gutt Riedner, vill Gäscht, vill Gléckwënsch an natierlech vill Wäin hunn ob dëser Feier fir uerdentlech Stëmmung gesuergt. Mee wei ass et eigentlech dozou komm? Loossen mer mol d‘Virbereedungen an den Dag selwer vum 50 järegen Gebuertsdag Revue passéieren.[...]
» Weiderliesen


Previews
Virschau op dei nächst Méint

 

Events Wanter 2009
ACEL a Studentesches

 

ACEL
Wéini
Wat
Wou
13/02/2009

Valentinsgala zu Bréissel

Bréissel
20-22/03/2009

CELG Skiweekend

Vaujany
27/03/2009

Hawaiian Night vum LSH

tba
28/03/2009

Séance académique vun der ACEL

tba
30/03/2009

Luxembourg 4jobs (CELB)

Bréissel
02/04/2009

Go South

Montpellier+Aix

 


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

ACEL