Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


LSC Chrëschtrallye
(11/11/2008) Kölle goes Rallye


Wéi all Joer war och dëst Joer viru Chrëschtdag rëm de LSC Chrëschtrallye.
De Chrëschtrallye ass dëst Joer fir di éischt Kéier um Neumarkt, direkt am Staatzentrum bei der berüchtegter Schildergasse lass gang.
Fir d’éischt hunn di verschidde Gruppe missen eng Réi Froen iwwer de Chrëschtmaart beäntweren, ee et fir si weider bei di verschidde Spiller gang ass.
Um Wee fir bei d‘Spiller hunn nach eng ganz Rei vu Froen iwwer Köln, Sport, Politik, Film, Musek, Kultur missen beännfert gi. Eng interessant Aufgab fir ënnerwee war eng Karikatur vun der Équipe ze molen an eng aner war et di schéinste Käerz mat an de lëschte Café ze bréngen.
Beim éischt Spill an der Schildergasse ass et dann och direkt lass gaang mat Begrëffer roden. Natierlech war Saach net ganz sou einfach wéi geduecht ;). E Golfball an de weltberühmte Knotenknut si zum Asaz komm. Et huet een sengen Teamkollege misse séin Begrëff erklären an deem e probéiert huet relativ kloer mat engem Golfball am Mond ze schwëtzen oder unhand vum Knotenknut mat Pantomim virweisen.

Dat zweet Spill um Rathausplatz huet sech a punkto Kommunikatioun als méi einfach erausgestallt. Et ass em Prominente rode gang. Et si sou bekannt Persounen ze erkenne gewiescht wie, Yoshi, Pink, Jude Law, Franck Ribéry, Fiona aus dem Film Shrek, Klaus Wowereit, Pussycat Dolls, Hugh Jackman, Kobe Bryant, Jessica Alba, Jürgen Klopp, Mathias Steiner, Franz Beckenbauer, Fritz Schramma Buergermeeschter vu Köln, Frank Sinatra, Cookie Monster an Dick Cheney. Anscheinend war et verschiddene Leit net méiglech Jessica Alba ze erkennen, mee am grousse ganze muss ee soen dass Équipen och wann se heiansdo well duerchernee geruff hunn, d’Prominent baal all erkannt hunn.
Beim lëschte Spill um Chrëschtmaart beim Heumarkt war dunn nach ee mol volle Kierperasaatz vun der ganzer Équipe gefrot. Et ass drëm gang all zesummen a jiddereen eng aner sportlech Aktivitéit auszeféieren. Deen een huet misse Pompele man, deen anere sprangen an sou weider. Zéit ass dee Moment gestoppt gin wou deen éischten aus der Équipe seng Übung nemmei konnt ausféieren.
Dono hunn di verschidden Équipen nëmmen nach de Wee an de lëschte Café misse fannen, deen dëst Joer Kulisse tëschent dem Heumarkt an dem Alter Markt war. An der Kulisse ass dunn och fläisseg verbessert a gerechent gi, dass och konnt e Gewënner ausgemat gi.
Vue dass Präisser haaptsächlech aus Towere bestan hunn, ass dunn och nach gebührend geféiert gi ;)
E grousse Merci un all d’Équipen di mat gemat hunn an un di Leit di de Rallye organiséiert hunn.

Mat beschte Gréiss aus der Domhaaptstaat :)


Christine Zimmer


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE