Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


Beach Volley Tournoi zu Kaiserslautern
(19/06/2008) Eng sandeg Nationalfeierdaagsparty

Nom Succès vun 2007, huet de Comité vum LSK net laang gezweiwelt, an déi 2ten Editioun vun dem groussen „sportlechen“ Dag op Been gesat.

Dëst Joer konnte mer souguer op zwee weider Cerclen zielen, an zwar waren dat Uni.lu an eis „Kölner Kolleginnen“ mam Hunn am Kuerf Jean-Paul Klopp.
Ennert anerem waren och d'Oochener Jongen, eng Équipe vu Bréissel a puer lokal Lauterer Équipen um Dill.

Nodeems dann all Équipë sech waarm gespillt haten a sech mat engem klenge Maufel vun eisem beschtbekannten Grill gestäerkt gouf, as d'Turnéier dann endlech lancéiert ginn.

Et war alt rëm ee flotten Nomëtteg mat harterkämpften an awer och méi witzege Matcher, a virun allem well et den Dag herrlech waarm war as de Béier a Sangria wei bal ëmmer gudd gerutscht.

Nodeems dann am freien Owend, d'Gewënneréquipe ermëttelt gouf, sin mer dunn alleguerten zesummen an eng Grillhütt gefuer, fir mol fatzeg Party ze man.

Am Laf vun der Party as natierlech wei dat sech gehéiert op Nationalfeierdag, d´Heemecht gesonge ginn, déi vum Oochener Männerchouer ugestëmmt ginn as.
Duerno as Party dann op Héichtoure komm, wou eisen DJ Zapp fir déi richteg Musek gesuergt huet.

Bis ganz laang an Nuecht hunn die verschidde Cerclë matenee gefeiert, bis een nom aneren doudmidd an eis Risen Zelter gefall sinn.
Den LSK seet all deene Leit Merci, déi bäigedroen hunn, dass et esou een erfollegräichen Dag gouf, mir géifen eis freeë bei der 3ter Editioun, een oder deen anere Cercle méi ze begréissen …Vive Intercercle Aktivitéiten!!!


See you 2009@K-town

Lëtzebuerger Studenten zu Kaiserslautern
www.lsk.lu


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE