Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


Badische Meile
(11/11/2008) Karlsruher Caférallye
Den 11. November war et erëm souwäit. Déi traditionell Badische Meile, de Karlsruher-Café-Ralley, organiséiert vum Dafcomité fir d’Bleuen an hier Parrainen, stoung virun der Dir. Wéi ëmmer hu mir eis Noopesch-Cerclen an hier Bleuen och invitéiert. Eng kleng Stroossbuerger Delegatioun huet och de Wee bis op d’Maartplaz fonnt. Schéi verkleet, schliisslech war et jo Faschingsbeginn, goufe mer dann a véier Gruppe vu circa 10 Leit agedeelt. All Grupp krut eng Spaghetti, op déi si bis zum Schluss huet missen oppassen. Hei gouf et well deen éischte Skandal, well den Dafcomité de Spaghettipak aus den Ae verluer huet, war eng Grupp am séiersten an huet dee ganz schnell geklaut. Nodeems d’Stroossbuerger ee Karlsruher als Guide zur Säit gestallt krute konnt et lass goen.

Niewent der Aufgab mat der Spaghetti, stoungen um Startziedel direkt e puer Aufgabe fir de Rescht vum Owend. E klengt Gedicht sollt zesummegereimt ginn, woubäi verschidde Wieder onbedingt hu missen drasin; ausserdeem sollt ee vun ënnerwee ganz vill „Souveniren“ matbréngen. Dësweidere gouf et an all Café nach e Questionnaire mat op de Wee. Lo ass et lassgaang mat de Caféen. 4 Stéck stoungen um Programm, ier mer dann am 5., eisem Stammcafé ukomm si, wou d’Punkten ausgerechent goufen.

Am éischte Café gouf d’Fäegkeet vum Kapprechnen getest. Dëst war allerdéngs just den Ufank vum Spill, well dat Rechnen hat nëmmen een Ziel: Als Bonus fir all richtegt Resultat krute mir Bastelsaachen, woumat mir ee schéine Männche baue missen, wat een also méi richteg Äntwerten hat, wat ee méi Material hat. Och hei huet den Dafcomité sech rëm e Lapsus erlaabt, well déi läscht Grupp kruten net méi vill Pech, deen haten déi Gruppe virdru sech als Souvenir agepaakt.

Weider ass et gaang duerch d’Karlsruher Foussgängerzon an deen nächste Café. Hei goufe mer dann souguer vum Dafcomité iwwerrascht an zum Drénken agelueden. Dat huet leider besser geklong wei et letztendlech war, well dat hat natierlech en Hoken. Gemengt war e groussen Eemer mat Krunnewaasser, deen een huet missen sou schnell wei méiglech vernichten. Niewebäi gouf och nach ee klenge Staffellaf gemaach, wat fir d’Leit am Café zimlech witzeg war. Mat engem Tampon ëm d’Hëft huet ee sech missen zimlech déif bécken, dass deen dann an d’Fläsch gaangen ass an ofwaarden, bis e sech mat Waasser vollgesuckelt hat. Eng Kéier vollgesuckelt hält deen awer vill aus, well deen Owend goufen e puer Kuerzstrecke Rekorder gebrach.

Am drëtte Café huet ee sech rëm missen zimlech ustrengen, well hei huet ee missen a kuerzer Zäit sou vill wei méiglech Saache verhalen, déi eis den Dafcomité gewisen huet. Leider hunn hei och schonn erëm verschidde Gruppe sech Souvenire matgeholl, sou dass zum Schluss den Dësch net méi komplett war. Virun der Dir gouf dann nach en Äerlaf gestart an do war déi Statioun och schonn erëm erleedegt.

Déi läscht Aufgabe gouf et dann am véierte Café, wou et direkt sportlech weidergaang ass: Pompelen a Pils drénken, sou schnell an sou vill wei méiglech, well och hei gouf d’Zäit erëm gestoppt. Déi zweet Aufgab huet och net laang op sech waarde gelooss. Eng Lëscht, 20 Saachen, 5 Minutten Zäit. Top motivéiert huet déi läscht Grupp och ugefaang, mee wei bis deen éischte Box an T-Shirt ausgedoen huet, goufe mir „frëndlech“ gebueden, de Café ze verloossen, an sou hun mer dat Spill an eisem Stammcafé, dem uBu, nei gestart. Hei goufe mer och éischt e bësse komesch ugekuckt vun de Client’en, nom „Wir sind Luxemburger, wir dürfen das“ war awer alles ok a mir goufen souguer ugefeiert.

Hei am uBu war schliisslech och eis d’Ziel. All Grupp huet hei musse säi gebastelte Männchen souwéi seng Souvenire weisen (deen aneren Dag ware vill Baustellen net méi sou gudd ausgeschëldert). All Grupp huet och nach d’Gedicht virgedroen an dono war och schonn d’Präisverdeelung. Géint halwer 3 hun mer eis dann och sou lues opgeléist, an d’Stroossbuerger si all mat an d’Amueliestrooss getrëppelt, wou si nach monter gekacht hunn an duerno och d’Nuecht verbruecht hunn.

 


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE