Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


50 Joer Feier vun der ANEIL
(15/11/2008) D'Association Nationale des Étudiants Ingénieurs Luxembourgeois feiert Gebuertsdag

 

Den 15ten November war et esou wäit, den Dag vun der 50 Joer Feier vun der ANEIL war do. Een flotte Kader, gutt Riedner, vill Gäscht, vill Gléckwënsch an natierlech vill Wäin hunn ob dëser Feier fir uerdentlech Stëmmung gesuergt. Mee wei ass et eigentlech dozou komm? Loossen mer mol d‘Virbereedungen an den Dag selwer vum 50 järegen Gebuertsdag Revue passéieren.

Den Komitee ass schon an der Mëtt vum leschtem Joer drop opmierksam gemeet ginn, dass d’ANEIL 2008 hiert 50. Liewensjoer gif erreechen. Kuerz drop huet sech den Aneil’s Komitee dun mat den Hären Yves Elsen, Pierre Mangers (fréier Presidenten an vun der ANEIL) an François Jäger (President vun onsem Dachverband, der ALI, riets am Bild) fir eng kleng Brain-Storming Reunioun zesummen gesaat, fir Äntwerten op folgend Froen ze sichen: An wei enger Form sollten mer den Cinquantenaire dann celebréieren, eppes grousses, klenges oder vläit guer net...? Guer net... nee dat koum direkt vum Dësch, well et krut een jo schon ëmmer agetriichtert (an der Kannerstuff oder esou...) dass all Grond gutt genuch wier fir d‘Stepp fléien ze loossen. A wa schon, da schon! Sou hun mir décidéiert eng Feier mat villen Riedner, engem groussen Virtrag an duerno engem gemittlechen Éierewäin wou sech Jonk an Aal bei engem gudde Patt kinnten zesummentreffen, ob d’Been ze stellen. Den Datum (Samschdes den 15ten November) wor dunn och relativ schnell fond, well mer jo wollten sou vill wi méiglech Studenten fir eist Fest gewannen an sech den Weekend vun der Foire de l’étudiant dofir nëmmen sou ugebueden huet.

Als Riedner war direkt kloer, dass’en mer den Héischschoulminister den Här Biltgen, (deen trotz senger Blessure un der Hand un der Feier deelhuelen wollt) den Här François Jäger an den Philippe als President vun der ANEIL geifen zu Wuert kommen loossen. Mee domatter haten mer eis allerdéngs nach net zefridden ginn. Bei den Recherchen zu der Brochure fir ANEIL sinn mer an den Archiven nach op vill Nimm gefall, déi ANEIL zu deem gemat hunn wat si haut ass. Dobäi huet den President Fondateur, den Här Paul Nilles, natierlech och net dierfen fehlen. Mir hunn eis gefrot, wisou eigentlech net gläich mam Här Nilles Kontakt ophuelen, an froen op hien net och wéilt e puer Wuert soen? Mir waren ganz houfreg drop, dass den President Fondateur direkt bereet war op eis Feier ze kommen an eis den Ufank vun der Association z’erzielen. Hei een klengen Anbleck an seng Ried:

« Et les étudiants-Ingénieurs? Ils étaient directement concernés par la Recherche Nucléaire Commune Européenne sachant que quatre Centres de Recherche allaient être installés par Euratom à Ispra, à Aix-en-Provence, à Petten et à Mol. Avec mon collègue nous essayions de trouver dans l'assistance des collègues d'autres Ecoles Supérieures. Nous nous sommes finalement retrouvés à 5 ou 6, notammant d'Aix-la-Chapelle, Liège et Zurich et nous étions tous d'accord pour dire que que si nous voulions que le point de vue des étudiants ingénieurs soit pris en compte, il fallait se grouper et montrer que nous représentions l'ensemble de ces étudiants. Pour cela il fallait créer une structure et c'est ainsi que l'idée de l'Aneil est née. »


Als Gaaschtriedner fir den Virtrag sinn eis vill Nimm an den Kapp komm, mee grouss Begeeschterung war beim Här Jean-Claude Biver opgeflunn, CEO vun Hublot Genève an der Schwäiz. Zweiwel sinn opkomm, op deen eigentlech Zäit hätt, an och iwwerhaapt weilt um Cinquantenaire een Virtrag halen. Nom Motto Froen kascht jo näischt kruten mer och direkt eng positiv Äntwert. Schlussendlech huet et sech als groussen Erfolleg erginn dass’en mer den Här Jean-Claude Biver, Manager of the Year 2006 an der Schwäiz konnten als Speaker gewannen. Net nëmmen huet en eis an senger Presentatioun (L´horlogerie haut de gamme, le produit, le message et la marque) vun senger eegener Relioun „L’amour“ erzielt wou et dorëms geet, dass een all Mënsch soll respektéieren, mat den Leit deelen an ganz wichteg och verzeien kennen, mee och vun sengem Erfolleg als Manager huet en eis vill Tipps op den Wee ginn. Dat Wichtegst fir een jonken Mënsch ass Schaffen. Et muss een éiergäizeg sinn an vill schaffen wann een eppes Grousses erreechen well. Mee Schaffen alleng geet net duer, Kreativitéit ass och een grousse Faktor dobäi. Wat kann een Nei man, wat kann een veränneren dass eppes zu engem Magnéit fir Clienten get? Beispill vum Louvre ass gefall, wou Traditioun mat dem Modernen, dat aalt traditionellt Gebai mat der moderner Glaspyramide zesummentrefft. D’Resultat ass jo bekannt, eng wonnerschéin Platz déi net nëmmen Paräiser zum Staunen bréngt.

Et muss een allerdéngs net alles selwer erreechen, Hëllef vun aneren Leit ass den A an O vum Erfolleg. Duerch dei 3 Faktoren, sou den Jean-Claude Biver, léisst sech dat bëssen Gléck dat nach fir den Erfolleg fehlt, erzwengen. Et kann een hei just na soen, dass et wierklech impressionant war, dësem geniale Riedner nozelauschteren, deen an allen Hisiichten versteet säin Public ze begeeschteren an ech jidderengem just uroden kann, wann een d’Geleeënheet huet op een Virtrag vum Jean-Claude Biver ze goen, déi och onbedéngt ze notzen.

Mat groussem Stolz konnten mer op der Feier och eis flott Brochure du Cinquantenaire virstellen, déi mat ganz vill Aarbecht verbonnen war. Den Komitee huet keng Méi gescheit an huet vill Interviewen mat jonken Firmenchefen an Reportagen vun fréieren Memberen vun der ANEIL déi hiren berufflechen Alldag erzielen zesummegestallt. An esou enger Brochure däerf natierlech een Historique och net fehlen. Dësen Artikel as mat e puer witzegen Anekdoten zesummegestallt déi den Komitee an den Archiven entdeckt huet. Dozou kommen nach Statistiken iwwert Memberen vun der ANEIL an den leschten 50 Joer, all Komiteeën vun 1958 bis elo an een Reckbleck vum Mythos Ingenieur, wei en fréier an haut agéiert. Wien elo leider keng Zäit hat op d’Feier ze kommen, an trotzdem een Exemplaire vun dëser Brochure wëllt hunn, soll se sech einfach eng bei engem vun den Komitees Memberen ufroen.

Zum Schluss, wei et sech op enger Feier gehéiert, huet den Éierewäin net dierfen fehlen. Hei konnten sech an enger gemittlech Atmosphère déi jonk an Futur Ingenieuren mat den Invitéen vun deem Nomëtten op eng lacker Art an Weis ënnerhalen. Als Kiischt um Kuch huet ons den Oochener Männerchouer nach e puer Lidder vun hirem Programm zum Beschten gin, an esou fir eng lëschteg Stëmmung gesuergt.
Ofschléissend wëllen mir als Komitee all den Leit dei an iergend enger Form zu der Organisatioun vum Cinquantenaire bäigedroen hunn een grousse Merci soen. Ouni hir Hëllef an Ënnerstëtzung hätt d’Feier an d’Zesummestellung vun der Brochure bestëmmt net deen Erfolleg gehat, deen d’ ANEIL vir hiren 50. Gebuertsdag konnt verzeechnen.


Als Komitee bleift eis un dëser Stell och just nach vun eis der ANEIL eis Gléckwënsch ze ginn an hir nach vill erfollegräich Joren ze wënschen.

Vum Jean Mahowald


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE