
Den Tournoi Universitaire 2008 huet des Kéier den 22. an
23. Dezember wei gewinnt um Campus Geesseknäppchen statt
fonnt.
Den éischten Dag ass wei gewinnt Basket a Volleyball gespillt
ginn. Fréi moies um halwer 8 huet ee schonn di éischt bekannt
Gesiichter um ACEL Comptoir gesinn. Di éischt Croissanten
a Bechere mat Kaffi sinn iwwert den Dësch gaangen. Um halwer
9 war dunn och de Startschoss an den diversen Halen um Campus.
Wei gewinnt huet et net laang gedauert bis di éischt schonn
eppes ze féieren hate well se e Mätsch gewonnen haten oder
weider komm sinn, an doropshin ass och schon mam éischte
Béier vum Dag ugestouss ginn.
No
den Aussscheedunge moies ass et mat gudder Stëmmung an d’Mëttespaus
gaangen. Di eng hun sech entscheet an de Restaurant ze goen,
di aner hunn eng grouss Pizza bestallt an an d'Schwemm liwwere
gelooss. Wat dann och mat sech bruecht huet dass sech no
der Mëttespaus eng ronn 50 Pizzakeschten ob den Dëscher
gestaapelt hunn.
Mëttes ass et dunn an deenen zwou Sportaarte weider mat
de Mätscher fir d’Plazéierunge gaang. Ab 16 Auer sinn dann
och di éischt rëm an d’Salle polyvalente vun der Piscine
komm, fir gemütleg all zesummen eppes ze drénken an ob d’Präisiwwerreechung
ze waarden. Um 17 Auer 30 war et dun kloer, d'Plazéierunge
stounge fest.
Basketball: 1.Oochen; 2. Montpellier; 3.Uni.lu
Volleyball: 1.Köln; 2.Bréissel; 3.Lausanne
Oochen
an Köln hu sech et dann och net huele gelooss an hunn e
Faass Fräibéier zum beschte ginn.
Den zweeten Dag ass et du wei gewinnt mat Fussball weider
gaang. Virun allem am Fussball wou sech näischt geschenkt
gëtt, ass et moies direkt seriös lass gaang an em all Plaz
ab halwer 9 gekämpft ginn. Dat mierkt een och dorunner dass
de Gewënner vum Tournoi Universitaire, deen aus dem klengen
Duerf nieft Oochen kennt, moies an der Virronn géint dass
grousst Duerf, och nach bekannt ënnert dem Numm Oochen,
verluer hat.
An der Mëttespaus ass wei gewinnt rëm masseg Pizza bestallt
gi, ee et dono rëm weider mam Kampf em di beschte Plaz gaang
ass.
Och den zweeten Dag hun sech d'Spiller aus deene verschiddene
Cerclë vun der ACEL, no deene spannende Mätscher, rëm an
der Piscine afonnt fir nach bëssen zesummen ze setzen, Resultater
ofzewaarden a schon bëssen ze féieren.
Bësse méi spéit wei den éischten Dag stoungen dann och um
18 Auer d'Plazéierunge fest.
Fussball: 1.Köln; 2.Tréier; 3.Saarbrécken
Di
dréi hunn och du zesummen nach e Faass Fräibéier gin wat
dozou bäigedroen huet dass Leit nach eng ganz Zäitchen zesumme
bliwwe sinn a geféiert hunn.
Ob dëser Plaz dann nach ee mol e grousse Merci un all Sportler
vun de Cerclen an och un d'Cerclë selwer, dass den Tournoi
dëst Joer rëm sou e groussen Erfolleg war an sou fair a
mat vill Spaass iwwer d'Bühn gaang ass.
Mat sportleche Gréiss
Christine Zimmer
|