Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


ACEL Flash-Info
Récapitulativ vun den Aktivitéiten vun der ACEL di läscht 3 Méint
  • 3. Oktober: Comité Meeting Preparatioun REEL
    Op enger kuerzer Versammlung huet den ACEL Comité lescht Virbereedunge fir d'REEL getraff, notamment d'Workshope waren do e grousse Sujet. Weider gouf de vermeintlechen Oflaf an d'Organisatioun vun der ACEL speziell fir d'REEL nach emol duerchgeschwat.

  • 11. Oktober: Präissiwwerreechung Concours
    Den ACEL Concours, deen ënnert dem Motto "Les étudiants en 1968-2008-2048" stoung, gouf mat enger feierlecher Präisiwwerreechung um Rousegäertchen ofgeschloss. An de Raimlechkeete vun eisem Partner, der BCEE, konnten d'Lauréaten dunn hier Gewënner entgéint huelen, als 1. Präis gouf et en komplett Fotoausrüstung ze gewannen. Méi zum Concours fannt der op concours.acel.lu.

  • 16.-19. Oktober: REEL 2008 zu Paräis
    E groussen Deel vum ACEL Comité war dann och um Haaptevent vum Joer vertrueden, der REEL zu Paräis. Si hun sech haaptsächlech em d'Organisatioun an den Oflaf vun de Workshopen Donneschdes bekëmmert, an hun Samschdes mam Minister Biltgen iwwert studentepolitesch Themen debattéiert. Méi zur REEL fannt der op www.reel.lu oder ënnert www.acel.lu am Espace Etudiants - Actualités - Revue de presse.

  • 31. Oktober: Studieninfo am LAML
    Di éischt Studieninfo vum Schouljoer 2008-2009 huet am Lycée Aline Mayrisch stattfonnt. D'Studieninfoekipp vun der ACEL stoung hei den Interesséierten Ried an Äntwert zu jeglechen Studieméiglechkeeten.

  • 9. November: Comitésversammlung ACEL
    Am éischte Comité no dem REEL-Marathon gouf de point vun den aktuelle Projete gemaach a sech op di nächst Schrëtt gëeenegt déi an der Zukunft ustoe wäerten.

  • 13.-14. November: Foire de l'étudiant
    Wéi all Joer stoung och dësen November erëm d’Foire de l’Étudiant um Programm. Ënnert dem Motto « Les métiers des sciences » waren d’Halen um Kierchbierg 2 Deeg laang erëm gudd besicht vu lauter Schüler a Studenten, déi sech fir e méigleche Studium interesséiert hunn.

  • 14. November: Entrevue ACEL - aACEL
    D’ACEL an hier Amicale hun sech getraff fir iwwert verschidde Projete vum Joer 2009 ze diskutéieren. Vu dass d’nächst Joer jo 25 Joer ACEL gefeiert ginn, konnten do eng ganz Rei interessant Ideeë presentéiert ginn.

  • 14. November: Entrevue ACEL - LASEL
    Di läscht Detailer fir den Tournoi de Noël, dee jo bekanntlech dëst Joer vum 22.-23.12 stattfonnt huet, goufen tëscht de Représentante vun ACEL a LASEL ofgeschwat.

  • 15. November: 50 Joer ANEIL
    D’ANEIL, den Veräin vun de Lëtzebuerger Ingénieursstudenten, huet seng 50-jäereg Existenz geféiert. Un dësem speziellen Anniversaire waren eng ganz Rei prominent Gäscht, souwéi eng ganz Partie Studente vertrueden.

  • 29.11 Comitésversammlung ACEL
    Am eng vun deene leschte Comitésversammlunge vum Joer goufen nach eng Rei vun Décisioune getraff fir d’Enn 2008 gudd op en Enn ze bréngen.

  • 29.11 Seminaire ANESEC "Comment réussir votre canidature"
    D’ANESEC huet Enn November, dëst Joer zesumme mat der ACEL, hiren traditionelle Bewerbungs-Séminaire duerchgefouert. An de Reuniounssäll vun der Chambre de Commerce goufen dunn zu dem Thema all méiglech Froen duerch eng professionell Recruiterin beäntwert.

  • 6. Dezember: Niklosrallye zu Stroossbuerg
    Och dëst Joer huet d’ACEL et erëm fäerdeg bruecht eng ACEL-Ekipp fir den Haaptevent vun der ALUS zesummezetrommelen. Onerkläerlech bleift nach ëmmer dass den Daachverband net gewonnen huet, mee nëmmen di 2. Plaz erreecht huet.

  • 12. Dezember: ACEL-aACEL-Treffen
    Bei dëser Réunioun gouf weider um 25. Anniversaire vun der ACEL geschafft. Ënnert anerem soll den Haut-Patronage vum Grand-Duc ugefrot ginn, well doduercher di 3 Haaptelementer vun dem Anniversaire, (d’Séance académique, d’Special-Editoun vum Zoom, an d’REEL) méi Poids an der Ëffentlechkeet kréien. D’Thema vun der Séance académique (28.03.09) soll « le plus value vum Akademiker an der heiteger Gesellschaft » sinn; fir dësen Débat ginn dann och Leit aus ganz ënnerschiddleche Branchë gemeinsam un den Dësch gesat. Fir dësen Dag soll dann och den Zoom fäerdeg gedruckt sinn.

  • 17. Dezember: aACEL-AG
    D’Amicale vun der ACEL huet den 17. Dezember op hier AG am Seppl agelueden. President bleift nach fir ee weidert Joer de Bob Reuter. Dësweideren hunn se geäussert dass se ee ganz aktivt Joer 2009 wäerten hunn, well se der ACEL mathëllefen den Anniversaire ze organiséiren.

  • 18. Dezember: meet@uni.lu
    Och dëst Joer war d’ACEL erëm mat engem Stand op dem meet@uni.lu vertrueden. Et ass genau de richtege Public do fir de Guide du futur diplômé erauszeginn, mee de Stand war net optimal.

  • 20. Dezember: Läscht ACEL-Comitésversammlung
    Bei der leschter Versammlung mat dem ale Comité gouf nieft der normaler Aarbecht virun allem ee Bilan iwwert dat läscht Joer gezunn, an iwwert d’Zukunft vun der ACEL diskutéiert. No dëser leschter Versammlung gouf d’Joer offiziell bäi engem Iessen ofgeschloss.

  • 22.-23. Dezember: Tournoi Universitaire um Geesseknäppchen
    Och des Editioun vum Tournoi de Noël war erëm ee risen Erfolleg, och wann de Fräibéier wéinst technesche Grënn e bessi schief gelaf ass. Gewënner an der Sportaart Fussball a Volleyball si Köln ginn, an am Basketball huet Oochen de Bokal mat heem geholl.
    Op dëser Plaz dann nach eng Kéier ee grousse Merci un d’LASEL déi de Studenten d’Arbiteren an de Kader zur Verfügung gestallt hunn.

  • 23. Dezember: Entrevue mat Polygraphic
    Bei dëser Entrevue gouf iwwert die wieder Zesummenaarbecht zwëschent Polygraphic an ACEL geschwat. Zeréckbehale gouf dass d’Annoncë fir an de Guide du futur diplômé, Guide du futur Étudiant, an Zoom an d’Lut gesat wäerte ginn.

  • 26. Dezember: ACEL-Wanter-AG
    Wéi d’Traditioun et wëll huet d’ACEL sech och dëst Joer nees um zweete Chrëschtfeierdag am Audimax um Campus Walfer vun der Uni.lu fir säi Joeresréckbléck getraff. Niewent dem Bilan vum Joer 2008 stoung och d’Wiel vum neie Comité grad wéi vun der REEL um Ordre du jour.

  • 27. Dezember: Comitésversammlung ACEL
    Direkt een Dag no der AG gouf dann och déi éischt Comitésversammlung an der Sandkaul zu Walfer gehalen. Hei goufe virun allem d’Chargë verdeelt an erkläert.

  • 30. Dezember: Comitésversammlung ACEL
    Well d’Aarbecht net op sech waarde léisst, gouf 2 Deeg drop schonn nees eng Versammlung gehalen.

  • 4. Januar: Gebuertsdagsvirbereedungen
    D'aACEL an d'ACEL hunn sech getraff fir weider un de Virbereedungen fir den Anniversaire ze schaffen.

sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE