Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


25. Anniversaire vun der ACEL
2009 - D'ACEL feiert Gebuertsdag

D’ACEL ass 1984 op der REEL zu Karlrsruhe gegrënnt ginn, a gëtt lo 2009 25 Joer aal.
Fir dëst dann och gebührend mat der Studentefamil an eise Partner ze feiere plangt d'ACEL mat der Hëllef vun der aACEL (d'Amicale vun der ACEL) eng Séance académique. Dat ganzt soll den 28. Mäerz 2009 statt fannen. D’Séance académique soll mat enger Table ronde zum Thema: „De Stellewäert vum Akademiker an der Gesellschaft“ ufänken. Dofir wäerten eng ganz Réi interessant Gäscht invitéiert ginn. Dono geet et weider mat enger Receptioun a fir Owes ass en Iesse geplangt, wou och fir genuch Entertainment wäert gesuergt si.

Amplatz vun enger Broschür, waert dann och eng Spezial-Editioun vum Zoom 1200 publizeiert ginn, dei den Gäscht een Abléck an 25 Joer ACEL waert ginn. Vun Annekdoten, iwwert d'Entstehungsgeschicht, bis zu Interviewen mat bedeitende Leit, waert an der Zeitung ze liesen sinn.

Fir dëst Event ob d'Been ze stelle kenne sech gäre Leit mellen di eis wëllen hëllefen. Dëst macht der am beschte bei mir (christine.zimmer@acel.lu).
Fir dei Leit dei mat eis wëlle féiere geet an deenen nächste Wochen eng Invitatioun eraus, dorophin kann ee sech dann ob enger spezieller Säit um Site vun der ACEL (www.acel.lu) fir die verschidden Eventer vum 28.03.2009 umellen.
An der Hoffnung dass vill Leit un eise Festivitéite wäerten deel huelen,

Mat beschte Gréiss

Christine Zimmer


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE