Desen Artikel weiderscheckenDesen Artikel drucken      


Den neien ACEL-Comité
stellt sech vir!!!

Den 26. Dezember 08 gouf de neien ACEL-Comité vun de Cerclë gewielt. Fir dass du dier e bessert Bild vun dengem Studentevertrieder kanns machen, stellt sech jiddereen hei vir.

de neie+ale Comité

 

 

 

de "Jenc"

Salut les Kneckes,
mäin Numm ass Jean Claude, an an der ACEL sinn ech de Jenc.Ech schaffen zu Cronenbourg, mee leider ass d’Brauerei scho säit Jore fortgeplënnert. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL virun 25 Joer an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech mech schonn nemméi drun erënnere kann wéi mäi Liewe virdru wor.
Meng Lieblingskannersendung war schwaarzwäiss, well et dunn nach keng faarweg Tëlee gouf!
D’Studenteliewen ass fir mech herrlech, ech hoffen et hellt ni op.
Iwwert de King Kong kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach e Marder. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se all wahnsinnig sinn, ausser mir, ech hu komplett de Bezuch zur Realitéit verluer.

   
de "Buchler"

Zali,
mäin Numm ass Buchler, Anne Buchler, an an der ACEL sinn ech dem Jenc seng lénks hand (oder di riets?). Ech hunn zu Aix extra 2 Exame geréckelt kritt vir datt ech op London kann an d'Vakanz (Psst, dat weess keen, grins). Kennegeléiert hunn ech d’ACEL zu München an engem Sales Lentz Bus vun der REEL (Schleichwerbung!) an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech ab dee Moment depressiv gin wou ech net méi all 132 Sekonnen eng Mail kréien.
Meng Lieblingskannersendung war an ass nach ëmmer Winnie the Pooh, well den Tiggr' ëmmer gesprongen as wéi geckeg, d'Schwéngchen ëmmer meega vill schwätzt an den Iesel iir muffeg wor... baal wei ech, grins.
D’Studenteliewen ass fir mech Synonym vun Uni zou wéinst Streik, oder Examen ofgesot wéinst Schnéi a Südfrankräich.
Iwwert de riisen Taissel vun Fotoapparat deen ech hun kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach nëmme wat ech am léifsten hunn. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se net all e Mac hunn ,ausser d'Marie-Paule an ech an de Marxski.

   

d'Christine

Hey,
mäin Numm ass Christine Zimmer, an an der ACEL sinn ech Trésorier a responsabel fir eisen 25. Anniversaire. Ech studéiere BWL zu Köln. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL duerch mäi Cercle an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech frou sin mat sou motivéierte Leit zesummen ze schaffen.
Meng Lieblingskannersendung war Sesamstrasse, well ech lieben de Krümelmonster.
D’Studenteliewen ass fir mech einfach grenzelos.
Iwwert d' Monster an eiser Bréifboîte kann ee soe wat ee well, mee et ass einfach definitiv net fir ze fäerten ;). Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se Léiwer sinn, ausser wann et kee Kaffi gëtt ;).
   

d'Céline

Heyho!!!,
mäin Numm ass Céline, an an der ACEL sinn ech,!! richteg. Ech behaapten dass et zu Lëtzebuerg keen anere Studentevertrieder gëtt. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL beim Reklamme maache fir de Studentenbal, an dono nach laaang een drénke goen an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech zënter deem net méi doheem wor.
Meng Lieblingskannersendung war Sex and the city , well ech schonn deemools extrem erwuessen war, an iwwerhaapt net prüde wéi e puer Léit behaapten;)
D’Studenteliewen ass fir mech Sex, Drugs and Rock’n’Roll an e bessi leieren
Iwwert d’Angela Merkel kann ee soe wat ee well, mee se ass einfach mega léif. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se all nach doheem wunnen , ausser de Balou, dee wunnt am Choco (ahh nee, de Balou ass jo net méi am Comité, sorry dass ech dat no 10 Joer vergiess hunn!).

   
Grützi mitanander,
mäin Numm ass Marie-Paule Even, an an der ACEL sinn ech well ech onbedéngt schonn ëmmer esou e schéint Acels Hiem undoe wollt. Ech wäert dann endlech domadder zu Paräis beim Lagerfeld optriede kennen. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL an der Sandkaul an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech se elo fir déi nächst Zäit net méi lass wäert ginn.
Meng Lieblingskannersendung war Sendung mit der Maus, well et déi eenzeg Sendung war mat bloen Elefanten!
D’Studenteliewen ass fir mech op alle Fall ze kuerz.
Iwwert de Lac Léman kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach nëmme kal. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se leider nach net drageheit gi sinn , ausser d’Marianne an ech.
   
de Max

Servus,
mäin Numm ass Max „Maxski“ Flammang, an an der ACEL sinn ech de Mann fir d'Presse. Ech stinn zu menge kuerze Been. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL an engem eroteschen Internet-Chat an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech lo vill méi Ofkierzunge kennen (SK, GFE, GFD, MCESR, CMC,....).
Meng Lieblingskannersendung war de Li-La-Laune Bär, well de Metty an de Bier alles sou schéin erkläert hunn.
D'Studenteliewen ass fir mech eng Episod a mengem Liewen, déi hoffentlech nach laang dauert (sorry Mamm a Papp).
Iwwert den David Hasselhoff kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach Kult. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se all méi grouss wéi ech sinn , ausser de Sébastien.

   

Hage,
mäin Numm ass King Kong, an an der ACEL sinn ech deen, deen an de Lycéeën eppes iwwert studéieren zeelt.Ech misst am Fong de Moment fir meng Examen zu Walfer léieren. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL viru laanger, laanger Zäit an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech permanent verléieren (oh nee, ech hu verluer!).
Meng Lieblingskannersendung war Samurai Pizza Cats, well di vill méi cool ware wéi d’Turtles.
D’Studenteliewen ass fir mech sou lues ëmmer méi ustrengend (jojo, den Alter).
Iwwert de Jenc kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach ee Marder. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se all motivéiert sinn , ausser si hun Seef an den Aan.

d'Marianne

Hey,
mäin Numm ass Marianne Hoffmann, an an der ACEL sinn ech responsabel fir all eis Evénementer. Ech studéieren zu Lausanne. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL duerch mäi Brudder an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech lo deen heite Formulaire ausfëlle muss .
Meng Lieblingskannersendung war d’Sendung mit der Maus, well se sou léiw war (nee,keng Ahnung).
D’Studenteliewen ass fir mech Alldag.
Iwwert den Houseker kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach schwaarz. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se all super fein sinn , ausser, jo ausser se sin grad net sou fein (mee dat hunn ech awer bis elo nach net erlieft).

 
d'Julie

Coucouc,
mäin Numm ass Julie Kohn an an der ACEL sinn ech well d’Anne an d’Christine mech op der Fouer am Schwarzwaldhaus iwwerriet hunn. Ech ginn am léifsten een drénken zu Dikrech. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL wahrscheinlech duerch de King Kong (sou wéi zimlech alles wat iergendwéi eppes mam Studenteliewen ze dinn huet) an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech lo weess wat et heescht honnertdausend Mailen an engem Dag ze kréien.
Meng Lieblingskannersendung war Glücksbärchis, well déi sou léif a knuddlesch sinn.
D’Studenteliewen ass fir mech am flottste wa grad Vakanz as.
Iwwert de Spongebob kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach nëmme witzeg ze kucke wann ee bëssi opgemontert wëll ginn. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se alleguerte ganz Kaffi-süchteg sinn, ausser ech.

   
de Sébastien

Gudde Mëtteg,
mäin Numm ass Sébastien Wagener, an an der ACEL sinn ech Webmaster. Ech studéieren zu Karlsruhe. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL viru laanger Zäit an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech lo endlech weess wou een di blo Pëllen um Internet kafe kann.
Meng Lieblingskannersendung war de Pumuckl, well ech deen elo nach heiansdo kucken :D (en huet anscheinend eng Frëndin kritt, wosst der dat?)
D’Studenteliewen ass fir mech lo zum Schluss nach eng Kéier Gas ze ginn.
Iwwert de Jean-Paul (aka Mr REEL) kann ee soe wat ee well, mee et ass einfach manner lëschteg säit hien net méi am ACEL Comité ass :). Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass jidderengem d'ACEL Hiem passt, ausser dem Max a mir.

   
de Georges

Moin,
mäin Numm ass Georges Zahlen, an an der ACEL sinn ech Intercercles Zoustännegen. Ech schlofen, drénken an iessen zu Bréissel. Kennegeléiert hunn ech d’ACEL op der REEL an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech méi iessen.
Meng Lieblingskannersendung war Ninja Turtles, well ech och en Ninja wollt sinn.
D’Studenteliewen ass fir mech ustrengend.
Iwwert den Chew kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach Bacca.
Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se motivéiert sinn, ausser owes.

   

Hello,
mäin Numm ass Anne Backendorf, an an der ACEL sinn ech Grafikerin. Ech hunn zu Paräis e Bachelor an der Communication Visuelle gemaach. Kennegeleiert hunn ech d’ACEL op enger flotter Paräisser Studente Péniche Soirée an se huet an deem Sënn mäi Liewe geännert, dass ech mech a mengem Beruff weiderentwéckele konnt a vill nei Leit kennegeléiert hunn.
Meng Lieblingskannersendung war Miniplaybackshow, well Musek einfach alles as fir mech. „Music was my first love....and it will be my last“.
D’Studenteliewe war fir mech eng Zäit wou ech zimlech haart a vill hu misse schaffen, a mech trotzdem ëmmer gutt ameséiert hunn.
Iwwert de Béier kann ee soe wat ee well, mee en ass einfach net gutt fannen ech. Vum Rescht vum ACEL-Comité kann ech soen dass se all Studente sinn , ausser ech.


D'Kontaktdaten vum Comité

 


sponsors Editpress Eldoradio Spuerkees Tageblatt Vox Mercedes-Benz

 

 

BCEE