| Den
Freiden, 26. Dezember 2008, huet am Audimax vun der uni.lu
déi traditionell Wanter-AG vun der ACEL statt fonnt.
No enger klenger Verspéidung konnt den Jean Claude Thiry,
President vun der ACEL, d Vertrieder vun den Cerclen souwéi
vun den Sponsoren an der Presse wëllkomm heeschen. An sengem
„mot de bienvenue“ huet den President dann een Réckbléck
op d Joer 2008 gemaach. Dëst Joer huet sech fir den Jenc
Thiry ënner anerem doduerch ausgezeechent, dass den Comité
2008 een aussergewéinlech jonken Comité mat villen neien
Gesiichter war, den zwar ufänglech mat e puer Organisatiounsproblemer
ze kämpfen hat, mee trotzdem awer eng exzellent Aarbecht
owgeliwwert huet. Do derniewent gouf och erwähnt, dass am
Joer 2008 zwee nei Cerclen an d´ACEL opgeholl goufen (LSINA
anVLIB) an eng komplett nei „Identité visuelle“ vun der
ACEL agefouert ginn ass. Och sinn d´Publikatiounen vun der
ACEL vun Grond op iwwerschafft ginn an natierlech ass och
den politeschen Suivi vun der Studentenpolitik säitens der
ACEL assuréiert ginn.
Nom President war et dann un deenen eenzelen Memberen vum
Comité fir den Bilan vun der Aarbecht an hiren eenzelne
Ressorten ze zéien. Als éischten huet den Secrétaire, Jean-Luc
Meyers, den „Bilan d´activités“ presentéiert. Rechent en
all d Aktivitéiten vun der ACEL 2008 zesummen, sou kennt
een op eng Zuel vun zirka 170 Aktivitéiten, also praktesch
all zwee Deeg eng. Intern huet den ACEL-Comité sech 11 mol
getraff, do derniewent goufen et awer och nach 15 Versammlungen
wou nëmmen verschidden Deeler vum Comité sech getraff hunn
an nach eng Klausurtagung zu Bréissel. No baussen hin war
d´ACELoch ganz aktiv an huet sech bei méi wéi 20 Geleeënheeten
mat Partner ausgetosch, war op siwen AG´en vun Cerclen an
CMC´en vertrueden, huet fënnef Evenementer organiséiert
(do drënner den Studentenbal an d´Foire de l´étudiant) an
huet och 6 Studien-Infoen an verschiddenen Lycéen am Land
ofgehalen.
Den
Jean-Paul Klop, responsabel fir d´Studien-Info, huet dann
d´Vertrieder vun den Cerclen doriwwer informéiert, dass
op den Informatiounsveranstaltungen an den Lycéen sou wéi
um Job-Talks, beim Jobstarters an op verschiddenen aneren
Stänn nees vill Schüler iwwer d´Studien konnten informéiert
ginn.
Uschléissend war et un den Responsabelen vun den Publikatiounen
fir hir Aarbecht virzestellen. D´Anne Buchler huet den „Guide
du Futur Diplômé“ mat sengen neien Artikelen an sengem neien
Layout virgestallt. Wéi dann den Max Flammang erläutert
huet , war den„Guide du Futur Étudiant“ di éischt ACEL-Publikatioun
déi no der neier charte graphique produzéiert ginn ass.
D´Christine Zimmer konnt dann matdeelen, dass den zoom1200
dëst Joer fir d´éischt zesummen mam Tageblatt verdeelt ginn
ass woumat eng Rekordoplaag vun 30.000 Exemplairen erreecht
ginn ass.
Als
Verantwortlechen fir d´Events, konnt den Georges Hames en
ganz positiven Bilan vum Studentenbal 2008 um P&R Bouillon
virstellen. Mat iwwer 4000 Gäscht an gudder Organisatioun
huet den Studentenbal een Gewenn fir d ACEL eragefuer an
et konnten méi wéi 20.000 Euro un d´Cerclen ausbezuelt ginn.
Ganzer 14 Intercercle Aktivitéiten sinn am Céline Reichel
sengem Rapport opgefouert ginn. Dës Aktivitéiten sinn no
den Richtlinnen vun der ACEL ausgewäert ginn an deementspriechend
och finanziell ënnerstëtzt ginn.
Den Sébastien Wagener huet dann zum Ofschloss vun den Rapporten
di nei Internet-Säit vun der ACEL sou wei och d Auswäertung
zu der Ëmfro vun der Comitéthéik virgestallt.
No
dësen klengeren Ressorten war et dann och un der Trésorière,
dem Christine Zimmer, den finanziellen Bilan ze zéien. Sou
koum et dann och, dass d ACEL am Joer 2008 een positiven
Bilan vun17.666 Euro erschafft huet. Dës Zuelen goufen vun
den Keessereviseuren confirméiert an och d Aarbecht vun
der Trésorière gouf gelueft.
Nei war dëst Joer, dass d REEL hir AG während der AG vun
der ACEL ofgehalen huet. Dës AG gouf vun der Presidentin
vun der REEL 2008, dem Danièle Buchler geleet. Uschléissend
un dës AG goung et dann mam Ordre du Jour vun der AG vun
der ACEL weider an den Vote fir d REEL 2009 stoung un. Bei
nëmmen enger eenzeger Kandidatur, gouf dann och schnell
Karlsruhe als REEL-Stad 2009 gewielt. Dëststellt fir d REEL
een Retour un d Wuerzelen duer, well et war virun genau
25 Joer zu Karlsruhe wou déi éischt REEL statt fonnt huet.
D´Thema fir d REEL 2009 passt sech dem 25. Gebuertsdag dann
och un an heescht: "La REEL: les acquisitions d'un
esprit critique depuis 25 ans".
Uschléissendgouf dann nach den neien Cercle «Lëtzebuerger
Studenten am Rhein-Main-Gebidd (LSRM)» an d´ACEL opgeholl
an och d´Amicale vun der ACEL, d´aACEL, huet sech kuerz
presentéiert an een Iwwerbléck iwwert hir Aktivitéiten ginn.
Dann war et esouwäit , dass den Comité 2008 duerch d AG
déchargéiert konnt ginn an en neien Comité fird´Joer 2009
sech konnt forméieren. Bei 11 Kandidaturen fir 11 Posten,
waren dann och keng Walen néideg. Als President gouf den
Jenc Thiry konfirméiert. Weiderhin sinn am Comité 2009 vertrueden:
Anne Buchler (Vize-Presidentin), Céline Reichel (Sekretärin),
Christine Zimmer (Trésorière), Marie-PauleEven (Guide du
FuturÉtudiant), Max Flammang (Relations presse), Georges
Hames (Studieninfo), Marianne Hoffmann (Events), Julie Kohn
(Guide du Futur Diplômé), Sébastien Wagener (Web/Informatik),
Georges Zahlen (Relations Intercercles).
Nom Schlusswuert duerch den neien an alen President gouf
et dann nach een vun der Spuerkeess offréiertenPatt an der
Sandkaul, dëst zur Occasioun vum 10-jähregen Partenariat
tëschent der ACEL an der Spuerkeess.
|